Matières

Eng Circulaire vum SYVICOL, solidaresch Gemengen an 22 Millioune Frang fir de Kosovo

An enger Reunioun tëschent der Regierung an de Gemengen, déi den 12. Abrëll 1999 zu Nidderaanwe stattfonnt hat, ass et dorëms gaangen, Léisungen ze fanne fir de Krichs-Flüchtlingen aus dem Kosovo ënnert d’Äerm ze gräifen. D’Regierung, mat un der Spëtzt dem Premierminister Jean-Claude Juncker, hat an enger éischter Phase 100 Millioune Lëtzebuerger Frang (ëmgerechent 2,5 Milliounen Euro) deblockéiert. 72 Flüchtlingen hunn och direkt zu Lëtzebuerg een neit Doheem fonnt. Gedanke goufen sech och dorëms gemaach, wéi déi betraffe Leit enger Aarbecht konnten nogoen an d’Kanner an der Schoul integréiert ginn.

Mee all déi Efforte sinn net duer gaangen. D’Regierung huet un d’Gemengen appelléiert sech finanziell ze bedeelegen an och Logementer zur Verfügung ze stellen, well de Staat net méi genuch Kapazitéiten hat. An deem Kontext, krut de SYVICOL zu Nidderaanwen d’Charge, sech där Problematik unzehuelen. Dräi Deeg méi spéit ass eng Circulaire un d’Gemenge geschéckt gi mam Opruff sech solidaresch ze weisen. D’Propose, déi de SYVICOL gemaach huet, bestoung doranner, datt all Gemeng 25 Frang pro Awunner op ee Spezialkont iwwerweist. D’Sue ware geduecht, fir ee vum Lëtzebuerger Staat finanzéierten Hëllefsprojet an der Kriseregioun ze finanzéieren. „Mat dësem Geste, deen iwwer Land eppes méi wéi 10.000.000.- F géif abréngen, kënnen d’Lëtzebuerger Gemengen hir Solidaritéit op dës Aart a Weis ausdrécken“, heescht et an der Circulaire.

D’Resultat ass iwwerwältegend: Net nëmmen datt all d’Gemenge matmaachen, mee et koumen eppes méi wéi 22 Millioune Frang (ëmgerechent méi wéi eng Hallef Millioun Euro) zesummen, weesentlech méi also ewéi ugeholl. An eng Rei Gemengen hunn och Lokalitéiten zur Verfügung gestallt fir d’Flüchtlingen ënnerzebréngen. D’Suen, déi d’Gemengen iwwerwisen hunn, sinn duerno an een Hëllefsprojet gefloss, deen de Lëtzebuerger Staat zesumme mat der Belsch zu Durres an Albanien ënnerstëtzt huet.

 

Foto: © Archives du SYVICOL

Publié le : 15.04.2021

Matières