Matières

400.000 Otemschutzmaske fir d’Gemengepersonal – Eenzegaarteg Aktioun vum SYVICOL zesumme mat der Stad Lëtzebuerg

Nodeem d’Regierung d’lescht Joer dem SYVICOL seng Demande no Otemschutzmaske fir d’Personal vum Gemengesecteur net consideréiert hat, hat sech de Gemengesyndikat Mëtt Abrëll op seng eege Bee gesat a 400.000 Otemschutzmaske beschaaft, dat zesumme mat der Stad Lëtzebuerg, déi esouwuel fir den Akaf selwer wéi och de logistesche Volet zoustänneg war. Nodeem d’Masken do waren, goufen se an enger Hal um Site vum Centre d’Intervention et d’Entretien vun der Stad Lëtzebuerg zu Zéisseng stockéiert.

Den 30. Abrëll huet sech de Bureau vum SYVICOL, mat un der Spëtzt dem President Emile Eicher an der 1. Vizepresidentin Lydie Polfer, op der Plaz selwer vun der Qualitéit vun den Otemschutzmaske konnten iwwerzeegen. A fënnef Deeg méi spéit goufen se dunn un d’Personal vun de Gemengen, de Gemengesyndikater an den Offices sociaux’en verdeelt.

Déi ganz Aktioun war net nëmmen eenzegaarteg, mee huet och anstandslos geklappt. Am Virfeld, méi genau de 17. Abrëll, hat de SYVICOL eng Circulaire erausgeschéckt fir déi eenzel Bestellungen ze erfaassen. Insgesamt koumen 117 Commanden zesummen, dorënner 79 vu 102 Gemengen. E Mask huet 0,60 Euro kascht.


Foto: © Photothèque de la Ville de Luxembourg

Publié le : 30.04.2021

Matières