Matières

Europadag zu Schengen: Héije Besuch a Réckbléck op d‘Grënnung vun der CECA

Schengen stoung haut um 9. Mee wéi gewinnt ganz am Zeeche vun der „Journée de l’Europe“. Den Dag geet zeréck op déi historesch Deklaratioun vum Robert Schuman den 9. Mee 1950 mat där de Grondstee fir d’Europäesch Unioun geluecht ginn ass.

A Präsens vu S.K.A. dem Ierfgroussherzog Guillaume gouf um Europadag awer och un d’Grënnung vun der Europäescher Gemeinschaft fir Kuel a Stol (CECA) am Joer 1951 erënnert. Déi ass nom Plang vum Robert Schuman an d’Liewe geruff ginn an den 23. Juli 1952 a Kraaft getrueden. Ënnert de sechs Grënnungslänner war deemools och Lëtzebuerg. D’CECA war ee weidere wichtege Baustee fir d’Europäesch Unioun wéi mir se haut kennen an all Dag erliewen.

Bei der Zeremonie haut waren och derbäi den Aussen- an Europaminister Jean Asselborn, d’Europadeputéiert Isabel Lima-Wiseler, den Europadeputéierte Charles Goerens, den EU-Kommissär Nicolas Schmit an de Chamberpresident Fernand Etgen. De Gemengesyndicat SYVICOL war vertrueden duerch säi Vizepresident Louis Oberhag. Nom offiziellen Deel huet en Echange zum Thema „La Conférence sur l’avenir de l’Europe“ tëschent de Bierger, deenen zwee Europadeputéierten an dem EU-Kommissär stattfonnt.


Foto: © Commune de Schengen

Publié le : 09.05.2021

Matières