Matières

De Comité vum SYVICOL am Joer 1994 a seng politesch Prioritéiten

Nodeem sech den neie Comité Enn Mäerz 1994 no der Assemblée générale constituéiert an ugefaangen hat mat schaffen, hunn deemools folgend Sujeten zu de Prioritéite vum neie SYVICOL-President Norbert Konter a senger Equipe gezielt, déi een a senger „Lettre d’Introduction - Avec les communes vers l’an 2000“, erëmfanne kann:
 

  • den Amenagement du Territoire an den Urbanismus virum Hannergrond vum Wuesstum vun der Populatioun
     
  • d’Autonomie communale an d’Relatioun tëschent Staat a Gemengen
     
  • den Natur- an Ëmweltschutz
     
  • de Subsidiaritéits-Prinzip esouwuel um nationale wéi och um europäesche Plang
     
  • d’Aarbecht vum SYVICOL am Kader vum Comité européen des Régions

Zesummegesat huet sech de Comité, wéi hei op der Foto vum Mee 1994, aus follgende Leit: (v.l.n.r.) Alphonse Cruchten (administrative Sekretär), Albert Lentz (Buergermeeschter vu Miersch), Edouard Juncker (Buergermeeschter vun Ettelbréck an Tresorier), Cornel Meder (Schäffe vun Déifferdeng), Jean-Pierre Klein (Buergermeeschter vu Steesel a Generalsekretär), Camille Medinger (Buergermeeschter vu Monnerech), Norbert Konter (Buergermeeschter vu Gréiwemaacher a President), Willy Bourg (Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg), François Schaack (Buergermeeschter vun Esch/Uelzecht a Vizepresident), Serge Meyer (Schäffe vu Biwer), Carlo Meintz (Conseiller vu Walfer a Vizepresident), René Hubsch (Schäffe vun Ierpeldeng), André Siebenbour (Buergermeeschter vu Käerjeng), Lucien Majerus (Buergermeeschter vun Ëlwen), Denis Dimmer (Buergermeeschter vu Jonglënster) a Jean Schockmel (Buergermeeschter vu Burschent).


Foto: Archives du SYVICOL

Publié le : 21.05.2021

Matières