Matières

Fusioun Groussbus a Wal: D’Inneministesch an de SYVICOL-President hunn un 2 Biergerversammlungen deelgeholl

Ënnert dem Slogan „Zesumme méi staark“ hunn d’Gemenge Groussbus a Wal d'lescht Woch hire Projet vun der Gemengefusioun am Kader vun zwou ofschléissenden Informatiounsversammlunge virgestallt. Mat derbäi waren och d’Inneministesch Taina Bofferding an de SYVICOL-President Emile Eicher.

„Et ass flott emol erëm viru Leit ze schwätzen. Dat huet engem an de leschte Méint richteg gefeelt“, esou den Emile Eicher den 1. Juni am Kader vun der Informatiounsversammlung zu Gréiwels, eng vun de siwen Uertschafte aus der Gemeng Wal, an zu Groussbus zwee Deeg méi spéit. Opgrond vun de sanitäre Mesurë waren d’Plaze fir de Public awer limitéiert. Eng Rei Awunner aus deenen zwou Gemengen hate sech bei de Live-Streaming bäigeschalt fir esou awer kënnen un deenen zwou ofschléissenden Informatiounsversammlungen ze participéieren, bei deenen d‘Bierger eng leschte Kéier d‘Geleeënheet hate sech nach emol vun de Virdeeler vun enger Fusioun z’iwwerzeegen. An dat a Presenz vun der Inneministesch Taina Bofferding an dem SYVICOL-Präsident Emile Eicher.

An hirer Usprooch ass d’Inneministesch an éischter Linn op d’Virdeeler vu Gemengefusiounen agaangen. Dozou gehéieren e bessere Fonctionnement vun de Gemengeservicer duerch Personalreorganisatioun an duerch d’Schafe vu Synergien, nei Servicer an eng Stäerkung vun der Demokratie am Allgemengen. D’Inneministesch huet och betount, datt eng Fusioun net vun uewen erof dierft diktéiert ginn, mee zesumme mat de Bierger ugaange misst ginn. „D’Fusioun ass fir Iech, Biergerinnen a Bierger, a bréngt méi Servicer fir Iech mat sech”, esou d’Taina Bofferding.

De SYVICOL-President Emile Eicher fir säin Deel ass an deenen zwou Reuniounen op der enger Säit op d’Geschicht vun de Fusiounen hei am Land agaangen an huet an deem Zesummenhang bei der Versammlung zu Gréiwels d’Fro gestallt, wat dann haut wär, wann d’Land nach 130 Gemengen, wéi nach deemools am Joer 1891, hätt. Hien huet an deem Kontext och erwäänt, datt déi alleréischt Fusioun warscheinlech am Joer 1822 stattfonnt huet. An dat och am ländleche Raum. D’Gemeng Kaalmes huet sech deemools mat der haut klengster Gemeng am Land, Sëll, zesummegedoen.

A sengen Ausféierungen ass den Emile Eicher op där anerer Säit awer och op d’Virdeeler vun enger Fusioun agaangen. Hie konnt do aus eegener Erfarung schwätzen, well hien niewent senge Mandater als President vum SYVICOL an Deputéierten, och Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng Clierf ass. Zu Groussbus sot den Emile Eicher dozou Follgendes: „Wann ech zeréckkucken op d’Fusioun vun deenen dräi Gemenge Clierf, Hengescht a Munzen, da war dat e grousse Schrëtt no vir fir déi dräi Gemengen an hir Bierger. An ech menge mat grousser Sécherheet kënnen ze soen, dat wann de Referendum haut nach eng Kéier wär, géing nach e vill méi däitlecht Resultat derbäi erauskommen, haut wou sech jidderee vun de Virdeeler vun der Fusioun konnt iwwerzeegen.“ Esouwuel d’Taina Bofferding wéi och den Emile Eicher hu sech no hiren Interventiounen och de Froen aus dem Public gestallt.

Virun der Inneministesch an dem SYVICOL-President Emile Eicher hate schonn d’Buergermeeschtesch vu Wal, d‘Christiane Thommes-Bach, an de Buergermeeschter vu Groussbus, Paul Engel, d’Wuert ergraff. An hirer gemeinsam virgedroener Ried, hu si de ganze Projet vun der Gemengefusioun, dee schonn ënnert dem fréieren Inneminister Dan Kersch am Februar 2018 ugaangen ass, Revue passéiere gelooss an dobäi eng Etapp no der anerer beliicht.

A wat ass elo déi nächst Etapp? De 27. Juni fënnt de Referendum statt. Dann äussere sech d’Awunner an d’Awunnerinnen aus den Gemenge Groussbus a Wal ob si wëlle matenee fusionéieren oder net.


Fotoen: ©MINT

Publié le : 07.06.2021

Matières