Matières

Mat de Gemengen Habscht, Koplescht a Jonglënster hunn elo all d’Pilotgemengen de „Pakt vum Zesummeliewen“ ënnerschriwwen

No de Gemenge Woltz, Réiser, Stroossen, Clierf an den zéng Gemengen aus dem „Réidener Kanton“ mat Mäerzeg, hunn elo och Habscht (01.06.2021), Koplescht (03.06.2021) a Jonglënster (05.07.2021) de „Pakt vum Zesummeliewen“ ënnerschriwwen. Déi 18 Gemengen huelen un engem  Pilotprojet vum Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun deel.

„Jonglënster ass eng Gemeng déi duerch hir Proximitéit zu der Stad an de Lënster Lycée attraktiv fir Leit aus der ganzer Welt ass. Deementspriechend grouss ass de Besoin un Integratioun. Souwuel déi nei Bierger ewéi och déi, déi scho méi laang do wunnen, brauchen an deem Beräich d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng fir an d’Gemengeliewen agefouert ze ginn a sech zurecht ze fannen, an esou hire Bäitrag fir d’sozial Kohesioun leeschten ze kënnen ”, sou de SYVICOL-President Emile Eicher bei senger Usprooch an der Gemeng Jonglënster.

D’Ministesch fir Famill an Integratioun huet dorunner erënnert, datt „d’Integratioun an d’Zesummeliewe scho beim Empfang op der Gemeng ufänkt. Wie frëndlech an oppen empfaange gëtt, huet och Loscht sech an der Gemeng anzebréngen an um Zesummeliewe matzeschaffen.”

De Serge Hoffmann, Buergermeeschter vun Habscht hält fest, datt „dat soziaalt Liewen e wichtege Faktor fir d’Integratioun an eisen Dierfer ass. Leider huet dëst soziaalt Liewe staark ënnert den Auswierkunge vun der Gesondheetskrise gelidden. Ëmsou méi wichteg ass d’Ënnerschrëft vum Pakt fir d’Zesummeliewen an d’Dynamik, déi doraus fir déi nächst Joren entsteet.”

Den Thierry Schuman, Buergermeeschter vu Koplescht, fir säin Deel  stellt fest, datt „de Mënsch e soziaalt Wiesen ass an net nëmmen a sengen eegene véier Wänn ka sinn. An der Gemeng Koplescht liewe 4.086 Fraen a Männer mat 106 verschiddenen Nationalitéiten. Jiddwereen ass anescht an dréit zu där Multikulturalitéit bei, déi eis Awunner esou schätzen. Eis Aufgab ass et en integrativt Ëmfeld ze schafen an ze ënnerhalen, an deem sech all Mënsch wuel fillt. Mir mussen d’Leit encouragéieren eng aktiv Roll an eisem gesellschaftlechen Zesummeliewen ze spillen. Si musse sech wéi doheem fille kënnen.”

De Romain Reitz, Buergermeeschter vu Jonglënster, ënnersträicht an senger Ried datt „Integratioun en Zesummeliewe vun alle Leit aus der Gemeng, vu Jonken an Alen, vu Leit mat Handicap, vu kranken a gesonde Leit, vu Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger ass. Mir hunn an eiser Gemeng eng grouss Dynamik an eise Projete vun der Integratioun entwéckelt, wou jidderee sech kann erëmfannen. E wichtege Punkt ass fir mech net nëmmen, dass mir wëllen eng Persoun integréieren, mee vill méi wäert ass et wann de Wëlle vun där Persoun och do ass fir sech selwer ze integréieren.“

De Pilotprojet ass vum Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun, zesumme mat senge Partner dem SYVICOL, der ASTI an dem CEFIS ausgeschafft ginn. Hei geet et dorëm de Gemengen d’Méiglechkeet ze ginn e PCI op eng méi dynamesch Aart a Weis auszeschaffen. Amplaz jorelaang un engem Integratiounsplang ze schaffen an dann eréischt Aktiounen ze starten, kréien d’Gemenge beim “Pakt vum Zesummeliewen” d’Chance fir direkt mat hirer Integratiounsaarbecht lass ze leeën.

Doriwwer eraus steet de Gemengen en Team vum zoustännege Ministère, der ASTI  an dem CEFIS , esou wéi zwee Integratiounsberoder fir d’Ëmsetzung vum Pakt vum Zesummeliewen zur Säit.

Méi Informatiounen iwwert de Pakt fannt Dir ënnert: https://mfamigr.gouvernement.lu/fr/le-ministere/attributions/integration/niveau-communal/plan-communal.html.


Fotoën: © Ministère de la Famille, de l'Intégration et à la Grande Région; Gemeng Koplescht, SYVICOL/Vanessa Schmit
 

Publié le : 07.07.2021

Matières