De SYVICOL an d’Gemenge weise sech solidaresch fir eng Welt ouni Atomwaffen

Haut op de 6. August huet d’Gemeng Reckeng op der Mess am Kader vun enger Gedenkfeier zu Éileng den Affer vun den Atombommen-Ofwërf op Hiroshima a Nagasaki um Enn vum Zweete Weltkrich viru genee 76 Joer geduecht. Gläichzäiteg gouf och en Appell gemaach fir eng atomwaffefräi Welt a fir déi nuklear Ofrëschtung.

An d’Liewe geruff gi war des Manifestatioun vum Buergermeeschter vun der Gemeng Réiser, dem Tom Jungen, an dem Raymond Becker, dem President vun der „Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg asbl“ zesumme mam SYVICOL, deen d’lescht Joer am Dezember d’Gemengen hei am Land via Circulaire invitéiert hat, der internationaler Organisatioun „Mayors for Peace“ bäizetrieden. Dat ëmsou méi, well dëst Joer, méi genee den 22. Januar, den UN-Traité iwwer d‘Verbuet vun Nuklearwaffen a Kraaft getrueden ass.

D‘Associatioun „Mayors for Peace“ ass 1982 vum Takeshi Araki, dem Buergermeeschter vun Hiroshima, gegrënnt gi mam But fir datt sech d’Gemenge weltwäit solidaresch weisen a fir eng Welt ouni Atomwaffen antrieden. 8.043 Gemengen aus 165 Länner a Regioune sinn aktuell Member vu Mayors for Peace (www.mayorsforpeace.org) dorënner och 63 Gemengen aus Lëtzebuerg. Nei derbäi komm sinn zënter dem SYVICOL sengem Opruff déi folgend sechs Gemengen: Bartreng, Käerjeng, Noumer, Reckeng op der Mess, Rouspert/Mompech, d'Stauséigemeng an elo am Juli nach Waldbriedemes. Déi éischt Gemeng war Wolz, d'Cité Martyr, wéi se genannt gëtt, an dat schonn am Juli 1989.

All Joer wäert elo esou eng „Journée de Commémoration“ stattfannen an dat an engem Turnus. D’nächst Joer ass d’Gemeng Schëffleng Organisateur an dat 80 Joer nom Generalstreik géint d’Nazibesatzung dee seng Originnen zu Woltz hat.

Mat derbäi bei der Zeremonie an der Gemeng Reckeng op der Mess war och de japanesche Botschafter hei zu Lëtzebuerg, de Jiro Okuyama, dee sech a senger Usprooch ganz geréiert vun der Lëtzebuerger Solidaritéit gewisen huet. Virun him hate well de Buergermeeschter Carlo Muller, de SYVICOL-President Emile Eicher an d’Esther Schortgen, Member vum Gemengerot a Geschichtsproff, d’Wuert ergraff. Et gouf och ee Gingko-Bam geplanzt an eng Gedenktafel ageweit. An eng Rei Jugendlecher hunn d‘Zeremonie mat zwee Biller ënnerstëtzt.

Circulaire vum SYVICOL 

Publié le : 06.08.2021