Matières

Pressekonferenz: “Deng Zukunft op der Gemeng: Villfälteg. Lokal. Modern.”

“Deng Zukunft op der Gemeng: Villfälteg. Lokal. Modern.”: zesumme mam SYVICOL, der FGFC an dem OGBL lancéiert d’Madamm Inneministesch Taina Bofferding eng Recrutementscampagne fir de Gemengesecteur.

D’Inneministesch huet dobäi de Fait begréisst, dass d’Sozialpartner zesumme geschafft hu fir dës Campagne op d’Been ze stellen, an dass dës och zesumme mam Personal aus dem Secteur ausgeschafft gouf. Donieft huet d’Ministesch op déi wichteg Reformen aus de leschten zwee Joer verwisen, op e Beruffsbild an eng Formatioun déi de Besoine vum Terrain ugepasst goufen.

Vill Ofwiesslung, eng Aarbecht am Interessi vun der Allgemengheet a Konditiounen, déi mat deene beim Stat ze vergläiche sinn, dat sinn Argumenter, déi d’Gemengen an d’Gemengesyndikater als Patron ze bidden hunn. De Gemengesecteur brauch gutt a motivéiert Personal, fir de Biergerinnen a Bierger e beschtméigleche Service unzebidden.

Nodeems de President vum SYVICOL der Madamm Ministesch e grousse Merci ausgeschwat hat fir d’Opstelle vun der Campagne, huet hien ervirgehuewen datt  „d’Ufuerderungen un eis Servicer ëmmer méi héich an d’Dossieren déi traitéiert ginn ëmmer méi komplex ginn. Dofir brauch de Gemengesecteur kompetent a gutt forméiert Mataarbechter, déi bereet si sech an den Déngscht vum Bierger stellen an eppes um Terrain ze bewierken.“ Ronn 15.000 Leit schaffen den Ament am Gemengesecteur „an esou komplex wéi d’Dossiere sinn, esou villfälteg sinn och d’Profiller déi gesicht ginn“ betount den Emile Eicher.

Wat de Wee an de Gemengesecteur ugeet, esou fënnt een Informatiounen iwwert den Eegnungstest an den Aschreiwungsexamen um Internetsite www.govjobs.lu. Zousätzlech dozou schafft de SYVICOL, mam Ministère de l’Interieur a mam CGPO vum Ministère de la Fonction publique, un der Méiglechkeet fir och d’Gemengeposten um GovJobs ze publizéieren Dee Service wäert an e puer Wochen online goen an et erlaben, den Auschreiwunge vu Posten am Gemengesecteur méi Visibilitéit ze ginn.

Dëst, zesumme mat der Campagne déi haut virgestallt gouf, mécht et den interesséierte Kandidate méi einfach sech iwwert d’Aarbecht am Gemengesecteur ze informéieren a sech dann och fir eng Plaz am Secteur ze bewerben. Esou kritt de Recrutement am Gemengesecteur neie Schwong ouni dobäi d’Gemengenautonomie anzeschränken.

Weiderhin wäerten d’Partner dëst Joer och eng éischte Kéier op der (virtueller) Foire de l’étudiant (https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2021/06-juin/08-foire-etudiant.html) um Enn vum Mount vertruede si fir d’Beruffer am Gemengesecteur virzestellen. Zu gudder Lescht wëll d’Campagne nach geziilt Promotioun fir verschidde Beruffer maachen, dëst z.B. bei enger geplangter Informatiounsversammlung um Härebierg.


Photos: ©MINT

Publié le : 21.10.2021

Matières