Matières

Participatioun vum SYVICOL-President un enger Table ronde iwwer d’Reform vum Gemengegesetz

D’Inneministesch Taina Bofferding, de SYVICOL-President Emile Eicher an de Marco Thomé, de President vun der FGFC, dem Organisateur, hu kierzlech am Domaine Thermal zu Munneref un enger Table ronde zum Thema „Mateneen fir eng modern Gemeng – Wou sti mer zesummen?“ deelgeholl.

Si hätt, fir d’Refonte vum Gemengegesetz unzegoen, direkt de Wee bei d’Leit gesicht, huet Taina Bofferding, am Ufank vun der Table ronde betount. Et wär hir wichteg gewiescht, déi Reform zesumme mat de Gemengen, de politesch Responsabelen an dem Personal, unzegoen. „Mateneen fir eng modern Gemeng“ eben, esou d’Ministesch, déi sot, datt een och gutt viru komm wär bis zur Corona-Kris. Allerdéngs géif elo d’Zäit bis zum Enn vun der Legislaturperiod warscheinlech net méi duergoe fir d’Reform als Gesamtpak ëmzesetzen. Esou wéi virdru scho mat der Reform vun der „Tutelle administrative“, hätt si dofir decidéiert, de Gesetzprojet iwwer d’Personal an d’Organisatioun vun de Gemengen, grad wéi deen iwwer de Statut vum Elu communal, getrennt op den Instanzewee ze ginn, mam Zil dat des Texter fir déi nächst Walen a Kraaft solle sinn.

Den Emile Eicher huet et an deem Zesummenhang begréisst, datt den Interieur an Zukunft manner als „Oppassert“ wäert agéieren, mee méi als „Beroder“ vun de Gemengen. Wat d’Reorganisatioun vun de Gemengeverwaltunge betrëfft, huet de SYVICOL-President gemengt, datt een d’Rad net onbedéngt misst nei erfannen, mee sech un dem inspiréiere sollt, wéi et bei onse belschen Noperen ass. Et wär allerdéngs wichteg, no flexibele Léisungen ze sichen, déi op déi kleng an op déi grouss Gemengen kënne zougeschnidde ginn, well d’Bierger hätten iwwerall am Land Recht op déi selwecht Servicer.

Do huet de President vun der FGFC ugeknäppt, speziell wéi et em d’Aféiere vun engem Poste vum „Coordinateur“ bei de Gemenge goung. De But dobäi misst et sinn, de Schäfferot bei der Gestioun vun der Gemeng, déi där vun enger PME gläicht, ze entlaaschten. Déi politesch Responsabel misste sech an Zukunft méi op hir eigentlech Missioun, d’Politik an de Kontakt mat Bierger, kënne konzentréieren. Wichteg wär et awer och, esou de Marco Thomé weider, generell um Gemengenniveau dat richtegt Personal ze fannen. Do stéing een a Konkurrenz zum Staat an dem Privatsecteur.

Den Emile Eicher huet dem FGFC-President Recht ginn. „Et ass un der Zäit, datt Politiker kënnen agéiere amplaz nëmmen ze reagéieren“, esou de SYVICOL-President onmëssverständlech. An duerfir missten déi politesch Responsabel an de Gemengen de Réck fräi gehale kréien. Wat d’Rekrutéiere vum Personal betrëfft, hunn déi dräi Participanten alleguer d’Campagne „Deng Zukunft op der Gemeng" begréisst, déi den Interieur zesumme mam SYVICOL, der FGFC an dem OGBL kierzlech lancéiert huet.

En nächste Punkt, deen abordéiert gouf, war de Statut vum Elu communal. An deem Kontext ass d’Ministesch optimistesch, datt deemnächst en Text kéint deposéiert ginn. „Ech si mir bewosst, datt op deem Plang onbedéngt eppes muss geschéien“, esou d’Taina Bofferding, speziell wat déi penal Responsabilitéit vum Elu an de Kënnegungsschutz betrëfft. Den Emile Eicher huet dorun erënnert datt de SYVICOL viru kuerzem souwuel zum Statut vum Elu, wéi och zur penaler Responsabilitéit, konkret Propose virgeluecht huet. Hien huet d’Wichtegkeet vu Reformen an deene Beräicher ënnerstrach, am Hibléck op déi nächst Gemengewalen. „Soss gëtt et ëmmer méi schwéier fir Kandidaten ze fannen. An déi rezent Virfäll zu Hesper hunn däitlech gemaach, wéi dringend d’Fro vun der Responsabilitéit muss gekläert gi wat zum Beispill de Volet Schoul betrëfft.“

D’Abanne vum Bierger an d’Gemeng vun der Zukunft an d’Formatioun vun de Kommunalpolitiker ware weider Themen, déi am Kader vun der Table ronde ugeschwat goufen. D’Moderatrice Carole Schimmer, Journalistin beim Radio 100,7, huet d’Ministesch dann och mat der laangjäreger Revendicatioun vum SYVICOL no enger obligatorescher Consultatioun vum Syndikat zu alle Gesetz- a Reglementsprojeten déi d’Gemenge betreffe konfrontéiert. Dorops hin huet d‘Taina Bofferding d’Fro vun der Legitimitéit bzw. dem juristesche Statut vum SYVICOL opgeworf an duerchblécke gelooss, datt des Fuerderung zesumme mat der Trennung tëschent de kommunalen an den nationale Mandater ze diskutéiere wär.

Zum Schluss vun der Table ronde gouf et dunn eng Rei Froen aus dem Sall. Zur Sprooch koumen do ënner anerem d‘Sujete Congé politique a Personaldelegatiounen op de Gemengen an de Syndikater, déi genau wéi d’Lokalpolitiker och méi misste fräigestallt ginn. D’Ministesch huet an Aussiicht gestallt, dee Sujet mat de Sozialpartner wëllen unzeschwätzen.

 

Fotoen: ©FGFC

Publié le : 29.10.2021

Matières