Interventioun vum SYVICOL-President Emile Eicher um 1.Nohaltegkeetsdag zu Schëffleng

Am Kader vum 1.Nohaltegkeetsdag e Samschden, den 30. Oktober, zu Schëffleng ass de Buergermeeschter Paul Weimerskirch kuerz op déi demographesch Entwécklung vu senger Gemeng an de leschte Joerzéngten agaangen an huet graff opgelëscht, wat um Plang vun der Nohaltegkeet alles geleescht gouf. Besonnesch stolz ass hien dorops, datt zu Schëffleng manner wéi 100 kg Offall pro Kapp an der schwaarzer Poubelle landen, wat e gutt Stéck ënnert dem Landesduerchschnëtt ass, esou de Paul Weimerskirch.

D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet an hirer Ried dorop higewisen, datt an de leschte Jore vill Fortschrëtter um Plang vun der Nohaltegkeet gemaach goufen. 99 Gemengen hätten entretemps och de Klimapakt ënnerschriwwen an eppes méi wéi 70 den Naturpakt. „Dat sinn entscheedend Viraussetzunge fir een Environnement ze schafen, dee méi nohalteg ass“, esou d’Carole Dieschbourg, déi ënnerstrach huet, wéi wichteg d‘Roll vun de Gemengen an deem Kontext ass. Et bräicht ee Pilotgemenge wéi Schëffleng, déi ënner Beweis géinge stellen, wat een a Saachen Nohaltegkeet erreeche kann. Wëntger, Betzder a Miersch sinn elo déi dräi nei Pilotgemengen, deenen d’Ministesch zoutraut ebenfalls „Accelerateuren" am Kader vun der Agenda 2030 ze ginn. „An d’nächst Joer bei mengem Optrëtt vun der Agenda 2030 virun de Vereenten Natiounen zu New York, wëll ech net nëmmen de Message ginn, datt eist Land am Natur- an Ëmweltschutz vill ënnerholl huet, mee datt eist Land dat Land ass, wou d’Gemengen op de Wee gaange sinn an entscheedend dozou bäigedroen hunn, datt mir déi 17 Ziler erreechen“, sou d’Carole Dieschbourg ofschléissend.

D’Marguy Kohnen, Conseillère am Ëmweltministère, huet dunn déi nei digital Plattform vum Nationalen Nohaltegkeetsplang an der Agenda 2030 am Detail virgestallt. De Schäffen Albert Kalmes ass dorops agaangen, wéi een de Projet Développement durable zu Schëffleng ugaangen ass an aus ursprénglech 72 Propositiounen, an enger éischter Phase 14 Initiativen, dorënner och d’Renaturéierung vun der Uelzecht, zeréckbehale goufen. Letztendlech hätt een dunn awer zesumme mat de Bierger 27 Initiativen ëmgesat, sou den Albert Kalmes. Duerno huet den Éierebuergermeeschter Roland Schreiner op all dat zeréck gekuckt, wat um Plang vun der nohalteger Entwécklung an de leschte 25 Joer zu Schëffleng geschitt ass. Rieds goung dobäi och vum Guy Spanier, deem Mann, deen déi dreiwend Kraaft an all de Jore war.

De SYVICOL-President Emile Eicher huet a senger Interventioun der Gemeng Schëffleng an hire Bierger felicitéiert. „Zesummeschaffen an d‘Kräfte bëndelen och iwwer d‘ Parteigrenzen eraus dat ass déi eenzeg richteg Approche“, esou de SYVICOL-President, fir deen den Austausch mat anere Gemengen och e wichtegen Aspekt ass, weider. „Et muss een d’Rad net ëmmer nei erfannen“, esou den Emile Eicher, dee fir méi eng grouss interkommunal Zesummenaarbecht plädéiert huet, speziell mat enger Pionéiergemeng wéi Schëffleng.

„Mee et geet net nëmmen dorëms Konzepter ze erstellen, si mussen och zesumme mam Bierger ëmgesat ginn. Ouni hie geet et net.“ Oft géing et an de klenge Gemengen, un den néidege Moyenen an um Personal feelen. Et wär deemno gutt, datt mat Wëntger, Betzder a Miersch elo dräi Gemenge vun ënnerschiddlecher Gréisst mat derbäi sinn. Wéi een de Sujet Nohaltegkeet erfollegräich kann ugoen, weisen d’Gemengen aus dem interkommunale Syndicat Kanton Réiden, sou den Emile Eicher, deen an deem Kontext och un d’Wierk vum Camille Gira, dem fréiere Staatssekretär am Ëmweltministère a Buergermeeschter vu Biekerech erënnert, an och d‘Beispill vun den Naturparken zitéiert huet.

Publié le : 05.11.2021