Matières

Dem SYVICOL säin neie Siège gëtt ageweit

Nodeem déi al Raimlechkeeten an der Residence „Fort Rheinsheim“ op 11, Boulevard Grand-Duchesse Charlotte, déi just 77 Quadratmeter haten, ze kleng gi waren, ass Enn Dezember 2002 de Kaf vun engem neie Siège finaliséiert ginn. Déi nei Raimlechkeeten op 3, rue Guido Oppenheim zu Märel, direkt beim Geesseknäppchen, hunn eng Surface vun 240 Quadratmeter a waren deemools op d’Besoine vun der Administratioun, déi aus 4 Leit bestanen huet, ugepasst. De Käschtepunkt fir den neien Objet louch bei ronn 545.000 Euro.

Den 10.November 2003 sinn déi nei Raimlechkeeten du feierlech ageweit ginn, dat a Presenz vum deemolegen Inneminister Michel Wolter. Fir de SYVICOL-President Jean-Pierre Klein ass et d’Geleeënheet fir e Réckbléck op d’Geschicht vun der Gemengevertriedung an hir jeeweileg Presidenten ze maachen. Am Mëttelpunkt steet do dobäi den Henry Cravatte, dee sech ronn 40 Joer laang fir d’Geschécker vun de Gemengen och um internationale Plang agesat hat a wéi keen aneren d’Geschicht vun der Gemengevertriedung hei zu Lëtzebuerg gepräägt huet. Bei där Geleeënheet gëtt och den neie Sëtzungssall no him benannt.

Och a Saache Corporate Identity huet sech de SYVICOL eppes afale gelooss an d’Kreatioun vun engem Logo an Optrag gi gehat. Chargéiert ginn domadder war eng Schoulklass aus dem Lycée Technique des Arts et Métiers. Eng Aart Concours war an deem Kontext ausgeschriwwe ginn. Zeréckbehale gouf den Entworf vum Christiane Kugener, enger Schülerin vu Käl, dee sech duerch seng Dynamik a säin Elan, wéi de SYVICOL-Generalsekretär Jean-Marie Halsdorf et formuléiert huet, ausgezeechent huet.

Den alen Siège op 11, Boulevard Grand-Duchesse Charlotte gouf duerno fir ronn 225.000 Euro verkaft. Mëtt de 60er Joren hat d’AVCL eng 1.800.000 Frang duerfir bezuelt. Den éischte Siège an deem d‘Lëtzebuerger Sektioun vum Conseil des Communes d’Europe, dem Virleefer vun der AVCL an dem SYVICOL, ënnerbruecht war, war laang Joren op 11 A, Boulevard Prince Henri an engem klengen Appartement.


Fotoën: © SYVICOL

Publié le : 10.11.2021

Matières