Matières

Den 29. November 1986 gouf de SYVICOL Realitéit an dat gëtt haut grouss gefeiert

Mam Arrêté grand-ducal vum 29. November 1986 gëtt de Syndicat intercommunal à vocation multiple des villes et communes luxembourgeoises pour la promotion et la sauvegarde d’intérêts communaux généraux et communs, de SYVICOL, Realitéit. 111 vun 118 Gemenge sinn zu deem Zäitpunkt ewell Member. Déi aner 7 ralliéiere sech an de Méint duerno.

Den Henry Cravatte, den éischte President vum SYVICOL a gläichzäiteg och de fréiere President vun der Association des Villes et Communes Luxembourgeoises (AVCL), dem Virleefer, kommentéiert d’Grënnung folgendermoossen : „Il y a lieu de se féliciter et de remercier les 111 communes fondatrices du syndicat de l’accueil qu’elles avaient réservé à l’initiative du CA de l’Association des Villes et Communes Luxembourgeoises“.

Et ass ee laange Wee gewiescht bis et esou wäit war. An der Sëtzung vum 27. September 1984 hunn d’Membere vum AVCL-Verwaltungsrot en éischten Echange gehat iwwert de „statut futur de notre association (a.s.b.l. ou syndicat intercommunal), wéi et am Rapport heescht. E puer Wochen méi spéit huet den Henry Cravatte dann an enger Reunioun vum Verwaltungsrot d’Virdeeler virgestallt, déi d’Schafe vun engem interkommunale Syndikat mat sech bréngt. Enner anerem kënne sou d’Interesse vun de Gemenge besser verdeedegt ginn an och d‘Gemengenautonomie ka gestäerkt ginn. Vun do u gouf et op alle Fall keen Zeréck méi.

Den 28. Januar 1985 huet de President Henry Cravatte de Projet vum Syndicat intercommunal à vocation multiple des villes et communes luxembourgeoises pour la promotion et la sauvegarde d’intérêts communaux généraux et communs (SYVICOL) virgestallt. De Verwaltungsrot huet definitiv gréng Luucht ginn. D’Gemenge ginn informéiert a gefrot, ob si sech géinge ralliéieren. D’Schafe vum SYVICOL ass den Haaptsujet op der Generalversammlung vun der AVCL de 25. Juni 1985 zu Walfer. 96 vun den 118 Gemenge schwätze sech an enger éischter Phase derfir aus. A bis den 29. Oktober 1986 hu sech 111 Gemengen, dorënner och d’Stad Lëtzebuerg, dem SYVICOL ralliéiert.

Net vergiess gi soll an deem Kontext awer, datt et u sech en duebelen Anniversaire ass, deen de SYVICOL haut feiert. Virun e bësse méi wéi 70 Joer, méi genee den 28. Januar 1951, gouf nämlech zu Genf de Conseil des Communes d’Europe, den Daachverband vun de Gemengenassociatiounen an Europa gegrënnt. Doraus ass hei zu Lëtzebuerg d’Section luxembourgeoise du Conseil des Communes d’Europe entstanen.


Fotoen: © SYVICOL

Publié le : 26.11.2021

Matières