7. Editioun vum GRESIL ënnert dem Thema « Tiers-lieux: Treffpunkter fir e flott Zesummeliewen » den 17. November zu Zolwer am Artikuss an online

E Mëttwoch, de 17. November, vun 11.30 bis 14.30, huet di 7. Editioun vum GRESIL (Groupe d’échange et de soutien en matière d’intégration au niveau local) stattfonnt. Et war déi 1. Editioun säit Laangem déi esouwuel en présentiel ewéi och digital stattfonnt huet. D’Thema vun dësem GRESIL war den “Tiers-Lieux: Treffpunkte fir e flott Zesummeliewen - Flott Plaze fir sech ze treffen an auszetausche fërderen d'Zesummeliewen an eise Gemengen”.

Dat modernt Liewen ass oft zweegedeelt, d’Leit pendelen tëschent der Aarbecht an hirem Doheem, do dernieft gëtt et oft kee Raum méi wou d’Leit kënnen zesumme kommen, sech austauschen an um ëffentleche Liewen deelhuelen kënnen. Bei dëser „drëtter Plaz”, dem Tiers-lieu, handelt et sech deementspriechend em eng Plaz wou een, niewent dem Doheem an der Aarbecht, Leit treffen an sech austausche kann.

No der Bregréissungsried vun der Madamm Minister Corinne Cahen,  betount de SYVICOL President Emile Eicher a senger Begréissungsried “wéi wichteg et ass erauszefanne wéi nach méi esou Tiers-Lieux an de Gemengen entstoe kënnen, a wéi virun allem d’Gemengen heibäi hëllefe kënnen, fir datt den Tiers-Lieu esou zu engem 3. „Doheem“ am Häerze vun der Gemeng a sengen Awunner ka ginn.”

An der Plenière hunn dunn verschidde Gemengen an Associatiounen de Konzept vum Tiers-lieux an hir Projeten déi schonn lafen oder um Wee si fir opgestallt ze gi virgestallt. Dorënner waren Eis Epicerie zu Suessem, Ee Gaart op der Haard an den Duerftreff zu Rued-Sir, de fréiere Café Lippert zu Kielen an de Projet Haff Schockweiler zu Nouspelt. D’Participante kruten och e Reportage vun RTL gewise wou d’Konschthaus op der Gare zu Clierf virgestallt gëtt. Dëse Reportage ass Deel vun enger Serie an där den RTL iwwert di nächste Wochen all Dënschden Owend en neien Tiers-Lieu zu Lëtzebuerg virstellt.

Dono hunn déi ronn 140 Participanten an Atelieren iwwert d’Méiglechkeeten diskutéiert fir d’Awunner an de Gemengen ze mobiliséiere fir selwer esou Projeten op d’Been ze stellen. Direkt nom GRESIL, goufen dann och Visitte vu verschiddene bestoende Projeten uechtert Land ugebuede fir sech z’inspiréieren.

Weider Informatioune fannt Dir um Site vum Familljeministère, vum SYVICOL, an um Site Integratioun.lu vun der ASTI.

Mir soen all de Participanten, Moderateuren an all de Representantë vun Associatiounen déi sech Zäit geholl hu fir deelzehuelen e grousse Merci, a mir hoffen Iech all fir den nächste GRESIL erëmzegesinn.

Publié le : 29.11.2021