D‘Gemeng Hesper huet de „Pakt vum Zesummeliewen“ ënnerschriwwen

No deenen 18 Gemengen déi 2021 de Pilotprojet vum Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun ënnerschriwwen hunn, ass Hesper déi éischt Gemeng déi 2022 de „Pakt vum Zesummeliewen“ ënnerschreift.

De 17. Januar 2022, huet den Emile Eicher a senger Ried d’Wichtegkeet vun enger gudder Kommunikatioun bei der Integratiounsaarbecht ervirgehuewen, well „d’Zesummeliewe mam Zesummeschwätzen ufänkt. Dat een zesumme riede muss, d’Kommunikatioun ënnert de Leit fërdere muss, an dat Ganzt dann awer och op aner Kommunikatiounsmoyenen ausbreede muss”, sou de SYVICOL-President Emile Eicher bei senger Uried.

D’Ministesch fir Famill an Integratioun huet dorunner erënnert, datt „d’Participatioun am aller wichtegsten ass, datt et net drëms geet de Leit nëmme Saachen unzebidden, mee och vun de Leit ze verlaange selwer matzemaachen, sech selwer z’implizéieren, selwer Projeten och ze starten, sech kennenzeléieren an dann als Gemeng d’Leit an deem Prozess ze begleeden.”

De Buergermeeschter vun Hesper,  Marc Lies , huet ënnerstrach, datt„ d’Zesummeliewen an d’Interaktioun zwee wichteg Elementer an enger Gesellschaft, an enger Gemeinschaft, sinn. D’Gemeng Hesper steet fir d’Zesummeliewe vu Mënschen aus alle soziale Schichten, aus allen Altersgruppen, aus alle Geschlechter a mat ënnerschiddlecher Hierkonft.“

De Schäffen a President vun der Integratiounskommissioun Romain Juncker huet sengersäits och betount, datt d’Gemeng Hesper di dräi Piliere vum Pakt vum Zesummeliewe schonn applizéiert. „D‘Participatioun, d‘Inklusioun an d’Kommunikatioun. Nëmmen esou kann et eis geléngen dass mer all Deel vun enger aktiver an diversifizéierter Gesellschaft sinn, déi zesumme lieft, wiisst a schafft.“

De Pilotprojet ass vum Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun, zesumme mat senge Partner dem SYVICOL, der ASTI an dem CEFIS ausgeschafft ginn. Hei geet et dorëm d’Zesummeliewen op de Gemengen ze dynamiséieren. Amplaz jorelaang un engem Integratiounsplang ze schaffen an dann eréischt Aktiounen ze starten, kréien d’Gemenge beim “Pakt vum Zesummeliewen” d’Chance fir direkt mat hirer Integratiounsaarbecht lass ze leeën.

Doriwwer eraus steet de Gemengen en Team vum zoustännege Ministère, der ASTI  an dem CEFIS , esou wéi mëttlerweil 3 Integratiounsberoder fir d’Ëmsetzung vum Pakt vum Zesummeliewen zur Säit.

Méi Informatiounen iwwert de Pakt fannt Dir ënnert: https://mfamigr.gouvernement.lu/fr/le-ministere/attributions/integration/niveau-communal/plan-communal.html.


Fotoën: © Ministère de la Famille, de l'Intégration et à la Grande Région; SYVICOL
 

Publié le : 18.01.2022