D’Gemeng Schëffleng ënnerschreift de „Pakt vum Zesummeliewen“

De 7. Mäerz 2022 huet d’Gemeng Schëffleng de „Pakt vum Zesummeliewen“ ënnerschriwwen. De President vum SYVICOL, Emile Eicher, huet a senger Ried d’Wichtegkeet vum Zesummeliewe bei der Integratiounsaarbecht ervirgehuewen, well „mir hu ganz vill Gemenge begéint bei deenen d’Usätz verschidde sinn, mee d’Zil ass ëmmer dat selwecht. D‘Zil ass ganz einfach d’harmonescht Zesummeliewen. An d’Gemeng ass déi Plaz, wou een am Ufank am meeschte Kontakt huet. D’Léit mussen hei richteg informéiert ginn an direkt an d’Gemeinschaft mat erageholl ginn. Den éischten Androck ass fir déi meescht Léit ganz wichteg well deen hëlt een d‘ganz Liewe mat virun“.

D’Ministesch fir Famill an Integratioun huet dorunner erënnert, datt „Solidaritéit, Mënschlechkeet an d’Zesummeliewe Valeure sinn, déi eis alleguerten auszeechnen an dat soll een och ëmmer nees haart an däitlech soen“. Si huet ënnerstrach dass et wichteg ass och eng dynamesch Gemeng wéi Schëffleng, déi schonn immens wäit ass bei der Integratiounsaarbecht, mat an de Reseau vum Pakt vum Zesummeliewen opzehuelen, well „et wëll een och kucken dass iwwert de Pakt „Best Practices“ kënne vun anere Gemengen iwwerholl ginn, a Saachen déi net funktionéieren dann net iwwerholl ginn.“

Och de Buergermeeschter vu Schëffleng, Paul Weimerskirch, huet ënnerstrach dass de Pakt vum Zesummeliewe keen Neiufank fir d’Schëfflenger Gemeng ass, mee en Engagement fir nach méi eng dynamesch Integratiounsaarbecht an Zukunft „mam Zil wou alles ënnerholl gëtt fir en harmonescht a conviviaalt Zesummeliewen, e Vivre-Ensemble, ze assuréieren“, esou de Paul Weimerskirch a senger Ried.

De Pilotprojet ass vum Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun, zesumme mat senge Partner dem SYVICOL, der ASTI an dem CEFIS ausgeschafft ginn. De Gemenge steet dann och en Team vum zoustännege Ministère, der ASTI  an dem CEFIS , esou wéi 3 Integratiounsberoder fir d’Ëmsetzung vum Pakt vum Zesummeliewen zur Säit.

Méi Informatiounen iwwert de Pakt fannt Dir ënnert: https://mfamigr.gouvernement.lu/de/le-ministere/attributions/integration/niveau-communal/plan-communal.html.


Foto: © SYVICOL

Publié le : 08.03.2022