Matières

Fusioun Bous a Waldbriedemes: D’Inneministesch an de SYVICOL-President ware bei der leschter Biergerversammlung mat derbäi

„Einfach méi zesummen“ ass de Slogan ënnert deem de 17. März och déi drëtt a lescht Informatiounsversammlung a punkto Fusioun vun de Gemenge Bous a Waldbriedemes stoung. Ronn honnert Biergerinnen a Bierger hate sech zu Bous afonnt fir ënnert anerem den Ausféierunge vun der Inneministesch Taina Bofferding an dem SYVICOL-President Emile Eicher nozelauschteren.

Nodeem d’Bierger aus deenen zwou Gemengen de Fusiounsprojet schonns de 14. a 15. Oktober d’lescht Joer virgestallt krut haten, huet en Donneschden, de 17. März am Centre culturel et sportif zu Bous déi drëtt a lescht Informatiounsversammlung virum Referendum den 3. Abrëll stattfonnt. Déi zwee Buergermeeschtere Carlo Kütten (Bous) an Thomas Wolter (Waldbriedemes) sinn an hirer gemeinsamer Begréissung fir d’éischt op d’Wichtegkeet vun der Fusioun fir d’Zukunft vu béide Gemengen agaangen, ier de Projet u sech dunn nach emol méi am Detail virgestallt ginn ass.

Duerno huet d’Inneministesch Taina Bofferding d’Wuert ergraff. An hirer Ried huet si ënnerstrach, datt et bei Fusiounen och géing dorëms goen, datt d’Gemenge méi resilient misste ginn. Si huet dobäi déi rezent Krisen (Covid-19, Iwwerschwemmungen, …) als Beispill ugefouert an däitlech gemaach, datt esou Krise besser zesumme kënne gemeeschtert ginn. D‘Inneministesch huet awer och ervirgehuewen, datt eng Fusioun net nëmme just wéinst der finanzieller Ënnerstëtzung statt sollt fannen, mee „d’Biergerinnen a Bierger domadder mussen averstane sinn.“ Et wär wéi an engem Mariage. Et bräicht een ee géigesäitegt Averständnis.

Et géing hir och net dorëms goen, d’Landkaart vu Lëtzebuerg nei ze zeechnen an eng Fusioun „vun uewen erof zu diktéieren“, esou d’Taina Bofferding weider. Freeë géing si sech awer doriwwer, wann d’Unzuel vun de Gemengen am Joer 2023 bei 100 géing leien. Duerno ass d’Inneministesch nach op déi finanziell Aspekter agaangen.

De SYVICOL-President Emile Eicher fir säin Deel huet a sengen Ausféierungen ënnerstrach, datt de Gemengesyndikat  a senger Geschicht de Fusiounen ëmmer positiv géintiwwerstoung. Dat wär am Fall vu Bous a Waldbriedemes net anescht. Am weidere Verlaf ass hien dunn op d’Avantagë vun esou enger Fusioun am ländleche Raum agaangen an huet dobäi Clierf, déi Gemeng wou hie Buergermeeschter ass, als Beispill geholl. Clierf ass zënter 2011 mat Munzen an Hengescht fusionéiert. Méi effizient Gemengeservicer, eng Administratioun, déi méi disponibel ass fir op d’Besoine vun hire Bierger anzegoen, eng méi performant Aarbecht vun den technesche Servicer an e gemeinsame Fuerpark, wären nëmmen e puer vun de Virdeeler, esou den Emile Eicher.

Dann hätt eng Fusioun awer och en Impakt op den Ausbau vun den Infrastrukturen. „Wichteg ass et awer bei deene ganze Projeten d’Populatioun vun Ufank u mat anzebannen an am Kader vu Reuniounen als Politiker nozelauschteren wéi d’Leit sech hir Zukunft an der Gemeng virstellen“, esou de SYVICOL-President weider. Hien huet och d’Argument mat der Resilienz opgegraff a gesot, datt déi finanziell Situatioun bei de Gemenge duerch d‘Pandemie eng aner gi wär an d’Zukunft net méi esou einfach géing ausgesinn. Zu zwee wär awer och esou eng Situatioun méi einfach ze meeschteren.

Zum Schluss huet hien drun erënnert, datt et net selbstverständlech wär et als Bierger selwer an der Hand ze hu fir direkt iwwert d’Zukunft vun der Gemeng, an der ee lieft, matzebestëmmen. „Esou ee Referendum ass eng eemoleg Chance an e feste Bestanddeel vun vun eiser demokratescher Kultur“, esou den Emile Eicher, dee sech e positiven Ausgang vum Referendum den 3. Abrëll wënscht.

Um Enn vun der Reunioun haten d’Bierger d’Geleeënheet, nach eng Rei Froen un d’Politiker ze stellen.


Fotoen: © Steve Hopp

Publié le : 18.03.2022

Matières