D‘Gemenge Bauschelt, Suessem an Dippech ënnerschreiwen de Pakt vum Zesummeliewen

Den 2. Juni, respektiv den 13. a 24. Juni, hunn och d’Gemenge Bauschelt, Suessem an Dippech de Pakt vum Zesummeliewen ënnerschriwwen. Wärend zu Bauschelt d’Ministesch fir Famill an Integratioun, Corinne Cahen, an den Emile Eicher de Pakt vum Zesummeliewe mat der Gemeng ënnerzeechent hunn, hunn zu Suessem de Louis Oberhag an zu Dippech de Guy Wester, Vize-Presidente vum SYVICOL, de Pakt am Numm vum SYVICOL ënnerschriwwen.

De Pilotprojet ass vum Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun, zesumme mat senge Partner dem SYVICOL, der ASTI an dem CEFIS ausgeschafft ginn. Dësen 3 Gemenge steet dann elo och en Team vum zoustännege Ministère, der ASTI an dem CEFIS , esou wéi 4 Integratiounsberoder fir d’Fërderung vum Zesummeliewen an hirer Gemeng zur Säit.

Méi Informatiounen iwwert de Pakt vum Zesummeliewe fannt Dir ënnert: https://mfamigr.gouvernement.lu/de/le-ministere/attributions/integration/niveau-communal/plan-communal.html

 

Fotoen : © Gemeng Bauschelt, Gemeng Dippech, Gemeng Suessem

Publié le : 30.06.2022