Matières

De neie Comitésmember Jeannot Fürpass: „Fille mech elo prett, fir konkret zur Aarbecht am SYVICOL bäizedroen “

Ufanks der 90er Joren huet dem Monnerecher Buergermeeschter Jeannot Fürpass seng lokalpolitesch Karriär ugefaangen. Eng Karriär, déi vun enger Rei Héichten an Déifte gepräägt ass. Am Comité vum SYVICOL ersetzt hien de Laurent Zeimet an huet den 18. Juli un senger éischter Comitéssëtzung deelgeholl.

Gradlinneg, éierlech, fair an transparent, esou beschreift de Jeannot Fürpass säi politesche Stil, deen hie vun Ufank un un den Dag geluecht huet. Am Joer 1993 ass hien eng éischte Kéier mat an d’Wale gaangen zu Monnerech, a senger Heemechtsgemeng, wou den haut 63-Järegen opgewuess ass. „Ech sinn e richtege Minettsdapp. Deene gëtt bekanntlech nogesot, dat si op d’Leit duer ginn a kloer soen, wat se ze soen hunn. Bei mir ass dat och esou.“ 1993 goung et awer net duer fir direkt an de Gemengerot gewielt ze ginn. Dräi Joer méi spéit, den 1. Januar 1996, ass hien dunn nogeréckelt. 

Bei de Gemengewalen 1999 huet hien eng éischt Enttäuschung um lokalpolitesche Plang erlieft. „Et hu just e puer Stëmme gefeelt fir erëm gewielt ze ginn an u sech wollt ech deemools d’Bengele bei d’Tromm geheien.“ Den Norbert Haupert awer, deen hien als "Ziehvater" an als gudde Kolleeg bezeechent, huet hien net fale gelooss an als Sektiounspresident vun der lokaler CSV-Sektioun proposéiert. 

„Deemools hunn ech mech gefrot, wat ech ännere muss fir un aner Wieler ze kommen“. 2005 ass hien dunn Drëttgewielte vu senger Partei ginn. Et koum zu enger Koalitioun mat der LSAP mat un der Spëtzt dem fréiere Vizepremier Dan Kersch als Buergermeeschter. De Jeannot Fürpass ass ee vun den zwee CSV-Schäffe ginn. Hien erënnert sech: „Mir hunn deemools 6 Joer laang gutt zesumme geschafft a sinn zouversiichtlech an déi nächst Wale gaangen.“  

Bei deene goufen seng Partei an hien awer vum Wieler reegelrecht gestrooft an hu missten an d’Oppositioun goen. An d’LSAP hat déi absolut Majoritéit zu Monnerech. Et gouf vill Kritik um Spëtzekandidat Jeannot Fürpass, mee hien huet sech net ënner kréie gelooss a weider gemaach. Mat de Gemengewalen 2017 huet seng Stonn du geschloen. An no deenen ugeschwaten Héichten an Déiften ass hie Buergermeeschter mat enger schwaarz-bloer-Majoritéit ginn. 

Tëschent 60 an 80 Stonne schafft hien all Woch. Hei mat agerechent den hallwen Dag bei sengem Employeur, der CFL, wou hien als Ingenieur am Héichspannungsberäich affektéiert ass. Seng berufflech Erfarung huet him speziell an deene méi techneschen Dossieren oft weider gehollef. Dat wëll hien och beim SYVICOL notzen wéi zum Beispill beim Ausschaffe vum Avis iwwer de neie Programme Directeur d’Aménagement du Territoire, deen demnächst an d’Prozedur dierft goen. Nieft senger Heemechtsgemeng vertrëtt hien am Comité vum SYVICOL och d’Gemenge Beetebuerg, Réiser a Schëffleng. 

A wat waren iwwerhaapt seng Beweeggrënn fir deen Engagement ? „Direkt no de Walen 2017 hunn ech mech nach ze vill onerfuere gespuert. Mee elo fillen ech mech prett, konkret zur Aarbecht am SYVICOL bäizedroen“, esou de Jeannot Fürpass, dee sech dorops freet fir d’Gemengen, hir Besoinen an Defien elo net méi just lokal, mee méi um nationale Plang anzestoen. Hie wëll awer och bäiléieren an esou nei Erfarunge sammelen.

Publié le : 21.07.2022

Matières