D’Gemeng Nidderaanwen ënnerschreift de Pakt vum Zesummeliewen

Den 2. Oktober huet och d’Gemeng Nidderaanwen de Pakt vum Zesummeliewen ënnerschriwwen. Fir de SYVICOL war de Vizepresident Louis Oberhag e Sonden zu Nidderaanwen derbäi.

No kuerze Riede vum Här Buergermeeschter Raymond Weydert, der Madamm Presidentin vun der CCCI Margaretha Inghelram-Maeyens, dem Här Vize-President Louis Oberhag an der Madamm Minister Corinne Cahen, huet d’Gemeng offziell de Pakt signéiert. Dono hat d’Gemeng op e flotte „Sunday Brunch“ ageluede bei deem och déi lokal Clibb an Associatiounen e Stand hate fir sech virzestellen.

De Pilotprojet vum Pakt vum Zesummeliewen ass vum Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun, zesumme mat senge Partner dem SYVICOL, der ASTI an dem CEFIS ausgeschafft ginn. De Gemengen déi de Pakt ënnerschreiwe steet en Team vum zoustännege Ministère, der ASTI an dem CEFIS , esou wéi 4 Integratiounsberoder fir d’Fërderung vum Zesummeliewen an hirer Gemeng zur Säit.

Méi Informatiounen iwwert de Pakt vum Zesummeliewe fannt Dir ënnert: https://mfamigr.gouvernement.lu/de/le-ministere/attributions/integration/niveau-communal/plan-communal.html.


Fotoen : © Gemeng Niederanven

Publié le : 05.10.2022