Matières

Am Kader vu „Mayors for Peace“ trieden d’Gemengen an de SYVICOL fir eng méi friddlech Welt ouni Atomwaffen an

Et ass mëttlerweil och zu Lëtzebuerg eng Traditioun gi fir op dem 6. August den Affer vum Atombommen-Ofworf op Hiroshima ze gedenken. 78 Joer duerno hate sech e Sonnden dowéinst eng Rei Vertrieder vu Gemengen a vum SYVICOL zu Käl-Téiteng afonnt fir a Presenz vum japanesche Botschafter un dëse Joresdag am Kader vu „Mayors for Peace“ ze erënneren a sech fir eng méi friddlech Welt ouni Atomwaffen anzesetzen.

Nodeem dës Gedenkzeremonie d’lescht Joer zu Schëffleng stattfonnt hat, an dat Joer virdrun zu Reckeng op der Mess, war et elo un der Gemeng Käl-Téiteng. Zeréck geet d‘Initiativ op den Tom Jungen, de Buergermeeschter vun der Gemeng Réiser, an de Raymond Becker, vun der „Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg asbl“. Si haten am Hierscht 2020 de SYVICOL mat der Iddi approchéiert, en Opruff un d’Gemengen ze maachen, fir der Organisatioun „Mayors for Peace“ bäizetrieden an eng järlech Gedenkzeremonie op d’Been ze stellen.

Mam But, datt d’Gemenge ronderëm d'Äerd an hir Bierger fir eng Welt ouni Atomwaffen antrieden a sech esou gläichzäiteg fir e méi friddlecht Zesummeliewen engagéieren, hat den Takeshi Araki, den deemolege Buergermeeschter vun Hiroshima, 1982 d’Associatioun „Mayors for Peace“ gegrënnt. Aktuell sinn 8.265 Gemengen aus 166 Länner a Regioune Member vu „Mayors for Peace“ (www.mayorsforpeace.org), dorënner och 63 Gemengen aus dem Grand-Duché.

Nodeem am Haff vun der "Schungfabrik" e Gingkobam als Symbol fir de Fridde geplanzt gi war, huet de Jean Weiler, de Buergermeeschter vu Käl-Téiteng, d’Gäscht all begréisst. Duerno huet de SYVICOL-President Emile Eicher d’Wuert ergraff. A sengen Ausféierungen ass hien op de Krich an der Ukrain agaangen an op d’Hëllef vun de Gemengen: „D’Gemengen hu sech direkt solidaresch gewisen a wéi ëmmer a Krisesituatioune séier reagéiert an eng Hand mat ugepaakt fir datt déi sëllege Flüchtlingen hei am Land een neit Doheem konnte fannen“, esou den Emile Eicher, deen an deem Kontext och de Jumelage vun der Stad Esch mat der ukrainescher Stad Stryi ervirgehuewen huet an d‘„Ukrainescht Haus“ an der Gemeng Stroossen. Erwäänt huet hien och, dass de SYVICOL reegelméisseg a Kontakt stoung mat senger Schwësterorganisatioun an der Ukrain an op sengem Site d‘Rubrik „Soutien à l’Ukraine“ lancéiert huet fir do Informatiounen ze sammelen a mat de Gemengen ze deelen.

Fir den Emile Eicher hu mir mam Krich an der Ukrain geléiert, datt mir eis fir Wäerter wéi d’Rechtsstaatlechkeet an de Respekt vun de Mënscherechter stänneg asetze mussen an datt d’Fräiheet an de Fridden net selbstverständlech sinn. „Mir hu mat dësem Krich awer och geléiert, datt d’Meenung, datt et kee Krich méi an Europa ka ginn, leider eng Illusioun war, där mir vill ze laang hannendru gelaf sinn“, esou den Emile Eicher ofschléissend.

De japanesche Botschafter hei zu Lëtzebuerg, den Tadahiro Matsubara, huet a senger Ried betount, datt säi Land sech geéiert géing weisen, datt och hei zu Lëtzebuerg den Affer vun Hiroshima geduecht géing ginn. Säi Merci goung un d’Gemengen an un de SYVICOL.

A senger Interventioun huet de Raymond Becker vun der „Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg asbl“ fir säin Deel gesot, datt de Risiko vun enger nuklearer Konfrontatioun duerch de Krich an der Ukrain vill méi grouss gi wär an huet an deem Kontext d’Atommuechten zum Ofrëschten opgeruff.

D’Gedenkzeremonie, déi dat nächst Joer vun der Gemeng Iechternach organiséiert gëtt, goung mat enger musikalesch ënnermoltener Choreographie op en Enn.


Fotoen : © Gemeng Käl-Téiteng / Anouk Flesch & SYVICOL

Publié le : 10.08.2023

Matières