Matières
„D’Gemengegesetz liicht gemaach“ – dem SYVICOL seng Publikatioun fir de politeschen Alldag an eise Gemengen ze vereinfachen

Op senger Tournée duerch d’Gemengen, tëschent dem 10. an dem 27. Mäerz 2025, huet de SYVICOL och seng Publikatioun „D’Gemengegesetz liicht gemaach“ virgestallt. D’Zil vun dëser Publikatioun ass et, de gesetzleche Kader vun de Gemengen, an haaptsächlech d’ofgeännert Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988, méi accessibel fir d‘Gemengepolitikerinnen a Gemengepolitiker ze maachen. Oder wéi de SYVICOL-Präsident Emile Eicher et formuléiert huet: „Eng dach komplex Matière op eng vill méi lieweg a virun allem méi verständlech Aart a Weis erëmzeginn“.
Bei dëser Publikatioun handelt sech em e Classeur mat 40 Fichen, vun deene jiddereng e bestëmmt Thema erkläert, wéi zum Beispill d’Zesummesetzung vum Gemengerot, d’Aufgabe vum Buergermeeschter oder och nach d’Organer vun de Gemengesyndikater. Déi eenzel Theme sinn doriwwer eraus och gutt illustréiert, wat zum bessere Verständnis bäidréit.
Am Kader vu senge regionale Reuniounen huet de SYVICOL dës Publikatioun un déi Gemengepolitikerinnen a déi Gemengepolitiker, déi präsent waren, verdeelt. Dëser Deeg fannen all déi aner Gemengepolitikerinnen a Gemengepolitiker een Exemplar op hirer Gemeng.
Dat ganzt Dokument fënnt een och ënner elektronescher Form op eisem Site: https://www.syvicol.lu/fr/dgemengegesetz-liicht-gemaach
Do kann een sech och aschreiwen a gëtt dann automatesch informéiert wann eng Fiche à jour gesat gouf (z.B. am Fall vun enger Gesetzesännerung).
Matières