Matières
Portrait-Serie – Ben Streff, Comitésmember vum SYVICOL: „D’Politik ass net no genuch bei de Leit. Duerfir leit mir virun allem dat Kommunaalt an och dat Regionaalt um Häerz.“

Hien ass dee jéngste vun den 18 Leit aus dem Comité vum SYVICOL. Rieds ass vum Ben Streff, Joergank 1995. Am Gemengesyndikat vertrëtt de Conseiller vun der Gemeng Bäerdref nieft senger Heemechtsgemeng och nach Beefort, Bech, Konsdref, Iechternach, Rouspert-Mompech a Waldbëlleg.
„Politik huet mech schonns ëmmer interesséiert“, esou de Ben Streff op d’Fro no sengem Wee an d‘Politik. Hien huet derbäi gefüügt, dass hien awer net aus engem Haus kënnt wou beispillsweis de Papp oder de Grousspapp politesch aktiv gewiescht wären. Mat 14 Joer ass hie schonns Member an der LSAP ginn. „Well d’Statuten dat awer net virgesinn hunn, goung dat nëmme matt enger spezieller Autorisatioun“, esou de Ben Streff weider.
No senger Première am Kolléisch zu Iechternach huet hie sech op der Faculté des sciences économiques et de gestion zu Stroossbuerg ageschriwwen an do e Master an der „Gestion de production, logistique, achats“ gemaach. Duerfir koumen d’Gemengewalen 2017 och ze fréi fir hien.
Sechs Joer méi spéit war et dunn awer esou wäit an hien huet direkt ee méi ewéi bemierkenswäert Resultat gemaach: Hannert dem Buergermeeschter Joé Nilles ass hien Zweetplacéierte ginn.
Dem Walresultat no hätt hien och kéinte Schäffe ginn. Mee schonns am Virfeld hat hie kloer gesot, datt et fir hien net a Fro géing komme mat engem Vertrieder vum ADR an engem Boot ze sëtzen an hat esou een „kloert Zeeche géint riets gesat“, wéi hien et formuléiert.
No der Uni huet hien op der LSAP-Fraktioun geschafft. „Ech sinn deemools schonns als Attaché parlementaire mam SYVICOL a Kontakt komm duerch seng Avisen, déi mir ëmmer ganz opmierksam studéiert hunn. Si ware fir ons Politiker eng ganz wichteg Informatiounsquell. Esou krut een e präzisen Abléck vun deem, wat genee um Terrain lass ass.“
Well genau do géing oft d’Kromm an der Heck leien. De Ben Streff schwätzt an deem Kontext vun enger „Bubble“, an där sech d’Politik all ze oft befënnt. „D’Politik ass net no genuch bei de Leit an ze wäit ewech vun deem, wat de Leit hir reell Probleemer sinn“, esou de Ben als Erklärung dozou. „Duerfir leit mir virun allem dat Kommunaalt an och dat Regionaalt um Häerz.“
Zënter Abrëll 2022 ass hien elo Parteimanager vun der LSAP. „Dat bedeit eng ganz Partei ze organiséieren vun der klengster Versammlung bis zum grousse Kongress. Vum Flyer bis hin zur Walcampagne“, esou de Ben Streff, deem dobäi virun allem och Aarbecht an a mat de 40 Sektiounen um Häerz leit. Dozou gehéiert och, nei Memberen ze rekrutéieren.
Well zu Bäerdref ee Kandidat verstuerwe war, hunn d’Walen an der ronn 2.300 Awunner staarker Gemeng op de 7. Oktober 2023 misste verréckelt ginn. Fir de Ben Streff war dat dunn een duebele Waltermin, well hien als Bezierkspresident och fir d’LSAP am Oste mat an d’Landeswale gaangen ass. An och do huet hien déi zweete Plaz beluecht, hannert der fréierer Vizepremier- a Gesondheetsministesch Paulette Lenert.
A wéi ass dat, wann een op eemol am politesche Rampeliicht steet? „Privates a Politesches, do gëtt et op ee Mol keen Ënnerscheed méi, dat geet komplett aneneen iwwer. Mir gefält dat“ esou de Ben Streff, deen och kee Problem domadder huet, vill Responsabilitéit ze iwwerhuelen a gewinnt ass, kee Blat virun de Mond ze huelen. Feststelle konnt een dat zum Beispill beim Ofschloss vum SYVICOL senge regionale Reuniounen zu Gréiwemaacher de 27. Mäerz, wou hien onbeandrockt vun der Präsenz vum Inneminister Léon Gloden seng Iddien a Gedanken zur Kommunalpolitik presentéiert huet.
„Déi regional Reunioune waren eng ganz gutt Iddi fir ze gesinn, wou um kommunale Plang de Schong dréckt“ seet de Ben Streff. Och „D’Gemengegesetz liicht gemaach“ ass fir hien e wichtegen Outil, speziell fir vill Conseilleren, déi net onbedéngt esou enk an de Fonctionnement vun enger Gemeng agebonne sinn, wéi d’Leit aus dem Schäfferot. „Esou eng Publikatioun huet definitiv an der Gemengelandschaft gefeelt. Ech gouf oft vun onse Mandatairen dorops ugeschwat a mir waren am Fong an der LSAP drop an drun och esou eng Publikatioun ze maachen“.
A wéi gesäit hien de SYVICOL am Allgemengen? „Et gëtt eng excellent Aarbecht do geleescht. Wat mir awer e bëssi feelt, an dat hunn ech an de Reunioune vum Comité festgestallt, ass eng méi breet Diskussioun iwwer d’Gesetzesprojeten ier d’Avise redigéiert ginn.“ De Comité kéint a sengen Aen, onofhängeg vun der Viraarbecht déi am Bureau geleescht gëtt, méi direkt an d’Ausschaffe vun de Avisen agebonne sinn. Esou wéi dat elo rezent de Fall war mat enger Aarbechtssëtzung am Kader vun enger Rei Gesetzestexter am Beräich „Mei a méi séier bauen“.
Wann de Ben Streff net grad Politik mécht, da geet hie gäre Fussball kucken. Säin Heemechtsveräin US Berdorf-Consdorf 01 an den SC Freiburg an der 1. Bundesliga. „Ier ech politesch aktiv gi sinn, war ech och an enger Rei vu Clibb. Dës Aktivitéiten hunn ech awer opginn, well ech et net gutt fannen, engersäits aktive Member ze sinn an anerersäits als Politiker iwwert d’Subsiden ofzestëmmen“, esou säi Raisonnement.
Dat bedeit awer net, datt hien net méi am Duerfliewen „involved“ wär. Wéi d‘Musek vu Bäerdref elo hiren 115. Anniversaire gefeiert huet, war hie President vum Organisatiounscomité. „Organiséieren, dat ass esou oder esou dat wat ech am léifste maachen“ esou e Ben Streff ofschléissend.
Umierkung: An enger Serie vu Portraiten huet de SYVICOL an de leschte Méint elo all déi nei Membere vu sengem Comité virgestallt an dat an alphabetescher Reiefolleg.
Matières