Matières
Portrait-Serie – Jeff Wagner, neie Comitésmember : „De SYVICOL ass eppes fir mech wéi en externe Service juridique fir d’Gemengen an e Facilitateur fir komplex Themen an Texter “

Nom Réckzuch vum Martine Cognioul-Loos war eng Plaz am Comité vum SYVICOL vakant an et huet missten ee Successeur gewielt ginn. Dobäi krut de Jeff Wagner, Conseiller aus der Gemeng Fluessweiler, déi meeschte Stëmmen an ass elo Member vum Comité vum SYVICOL. An dat am zweeten Ulaf. E Portrait.
„De SYVICOL ass Neiland fir mech. Duerfir hunn ech mech virbereet“, esou de Jeff Wagner direkt am Ufank vum Interview. Hie wär gespaant ze gesi wéi d’Reuniounen oflafe fir sech kënnen e Bild ze maachen. Seng éischt Comitésëtzung ass da Mëttwochs, den 1. Oktober 2025. Den 35-Järegen, deen als Jurist um Ausseministère schafft, vertrëtt am SYVICOL nieft den Interête vu senger Heemechtsgemeng Fluessweiler och nach déi vu Betzder, Biwer, Gréiwemaacher, Jonglënster, Manternach, Mäertert a Wuermer.
„Politik huet mech schonns ëmmer interesséiert“, entwäert hien op d’Fro no sengem Wee an d’Politik. Hie kënnt awer net aus engem Haus, wou de Papp oder Grousspapp schonns politesch aktiv waren. Frou ass hie virun allem doriwwer, datt et 2023 geklappt huet fir kënne Politik a senger Gemeng ze maachen. Fluessweiler huet eng ronn 2.200 Awunner. Zesumme mat senger Famill wunnt de Jeff Wagner zu Nidderdonwen. Do wou hien och grouss ginn ass an seng Famill hir Wuerzelen huet, déi bis op 1690 zeréck ginn.
No senger Primärschoulszäit, déi hien um Cents verbruecht huet, well béid Elteren an der Stad geschafft hunn an et a senger Gemeng deemools weder eng Crèche nach eng Maison Relais ginn ass, huet hie seng Première am Lycée Robert Schuman gemaach. Duerno huet hien op der Universitéit Lëtzebuerg e Bachelor am Droit gemaach. „An dunn hunn ech mat Ufanks 20 decidéiert schaffen ze goen“.
Seng berufflech Karriär huet hie fir d’éischt an d’Administratioun vun engem bekannte Miwwelhaus gefouert. Seng nächst Statioun war eng Firma, déi Miwwelen ausgeliwwert huet. Leider huet déi du Faillite gemaach. „Et war net einfach eng nei Plaz ze fannen“ esou de Jeff Wagner, deen dunn beim Staat, méi genee der Steierverwaltung, als Redakter ugefaangen huet.
Duerno ass hien op de Wirtschaftsministère gewiesselt an huet gläich eng Maîtrise an Etudes européennes et internationales an e Master am Droit de l’Union européenne op der Annexe vun der Université de la Lorraine hei zu Lëtzebuerg an Owescoursen nogemaach. „Et war eng haart Zäit, mee et huet sech gelount“ seet de Jeff Wagner réckbléckend. Mam Regierungswiessel ass hien dunn an den Ausseministère gewiesselt, well de Commerce extérieur, säin Zoustännegkeetsberäich am Wirtschaftsministère, deemools ënnert dem neien Ausseminister Xavier Bettel seng Kompetenze gefall ass.
Zesumme mat 4 Aarbechtskolleegen ass de Jeff Wagner do duerfir zoustänneg ze kontrolléiere wat d’Lëtzebuerger Firmen an d’Ausland exportéieren. Hien ass an dem Service responsabel fir Défence Gidder. Ausserdem geet et em „Dual-use“-Gidder, wéi dat am Fachjargon heescht. Gidder also, déi esouwuel fir zivil wéi och fir militäresch Zwecker benotzt kënne ginn. Den Export vun dëse Gidder ënnerläit strenge Kontrollen an et gëtt gekuckt op se net fir de Bau vu Massevernichtungswaffen genotzt kënne ginn. Kontrolléiert gëtt och a wéi eng Länner déi Wueren exportéiert ginn an op et eventuell Sanktioune géint déi Länner ginn.
Zeréck bei d'Politik: déi wär e Mëttel zum Zweck, seet de Jeff Wagner. „Fir d’Zesummeliewen ze reegelen an ze kucken, datt eis Gesellschaft gutt funktionéiert.“ Wat elo de Gemengerot betrëfft, esou fënnt hien et wichteg, dass do Leit mat ënnerschiddlechem Background an och Alter sëtzen. „Esou kritt ee verschidden Usiichten an e gudde Mix, mam But d’Gemeng no fir ze bréngen an dem Bierger eng optimal Liewensqualitéit ze garantéieren.“
Wichteg wär et an der Lokalpolitik, gutt encadréiert ze si vu Leit, déi méi Erfarung hunn. Politik wär e Beräich dee seng ganz eege Spillreegelen hätt, an do wäer et wichteg kënne bei aneren ze léieren a virun allem nozelauschteren. „Mat eppes méi wéi 20 Joer direkt Buergermeeschter ginn ass op alle Fall a mengen Aen eng immens grouss Erausfuerderung.“ Och wann ee sech op d’Personal verloosse kéint, wär dat eng „steile Lernkurve“, wéi hien et formuléiert.
D’Finanze wären de gréissten Defi vun all Gemeng, esou de Jeff Wagner weider. Et wär een awer kee Spuerveräin, esou datt kleng Gemengen déi 50 Milliounen Euro op der Säit hätten dem Optrag vum Bierger am Fong net géingen nokommen. „An d’Veräinsliewen ass d’Réckgrat vun all Gemeng an och vum Vivre ensemble“. Hie selwer ass dann och, ënner anerem Member vun den Donwener Geschichtsfrënn an aktive Pompjee.
Hien ass och Member vum Comité vum SIGI a vum Schoulsyndikat Billek, am Club aktiv plus zu Mäertert an am Verwaltungsrot vum HPPA zu Gréiwemaacher. An eben elo och am Comité vum SYVICOL, wou hie well 2023 Kandidat war. „De SYVICOL ass fir mech eppes wéi een externe Service juridique fir d’Gemengen an e Facilitateur fir komplex Themen an Texter“, esou de Jeff Wagner, deen ze bedenke gëtt, datt op der enger Säit vill kleng Gemenge kee Jurist an hire Reien hunn an op der anerer Säit awer alles méi reglementéiert gëtt. „Et ass eng immens wichteg Aarbecht déi hei zënter 1986 geleescht gëtt“.
Him ass och bewosst, datt de Kontakt mat sengen 8 Gemenge ganz wichteg ass. Do wëll hien dann och direkt den Hiewel usetzen an huet sech och schonns mam Martine Cognioul-Loos ausgetosch „Et muss ee kucken, wat do déi beschte Léisung ass. Engersäits reegelméissegen Austausch am Kader vun enger Reunioun oder awer eng gemeinsam Whatsapp-Grupp mat de jeeweilege Schäfferéit“. An der leschter Comitéssëtzung wär dat jo och och ugeklongen an de Präsident hätt dorops higewisen datt a Saache Relais vun den Informatiounen nach Loft no uewe wär. D’Ënnerstëtzung vun de Responsable vun de Gemengen déi hie vertrëtt hätt hie jo elo, soss hätte si him net hiert Vertraue geschenkt, esou de Jeff Wagner ofschléissend.
Foto: © SYVICOL
Matières