Matières

Message vum Präsident am Kader vum Trounwiessel

Zur feierlecher Geleeënheet vum Trounwiessel, huet de SYVICOL-President Emile Eicher, am Numm vun all de lëtzebuerger Stied a Gemengen, dem Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa follgende Message geschéckt :

"Altesses Royales,

Dir stoungt 25 Joer un der Spëtzt vun eisem Land, dat sech an där Zäit net nëmme staark verännert mee och vill Erausfuerderunge gemeeschtert huet.

An all där Zäit hat Dir ëmmer en oppent Ouer fir d'Besoinen an d‘Suerge vun de Stied a Gemengen an hiren Awunnerinnen an Awunner. Dir waart och ëmmer do fir eis a Krisesituatiounen ze ënnerstëtzten.

Am Numm vum SYVICOL wollt ech Iech fir Äert Engagement iwwer all déi Joren e grousse Merci soen."

20211126-35AnnivSyvicol-47

Sengem Successeur, dem Grand-Duc Guillaume, an der Grande-Duchesse Stéphanie huet hie mat dëse Wierder felicitéiert :

"Altesses Royales,

Am Kader vum Trounwiessel iwwerbréngen ech Iech am Numm vum SYVICOL meng allerbeschte Gléckwënsch.

Dir kënnt verséchert sinn, datt all d‘Stied an d'Gemengen, zesumme mat hiren Awunnerinnen an Awunner, dësen historesche Moment an enker Verbonnenheet mat Iech an Ärer ganzer Famill voller Stolz zelebréieren."

Publié le : 03.10.2025

Matières