Den Tim Karius, Member vum Comité, huet de SYVICOL op der Generalversammlung vun der ASCL vertrueden

D‘Generalversammlung vun der Association des secrétaires communaux du Luxembourg (ASCL) huet den 20. Mäerz 2026 zu Gréiwemaacher am Centre Culturel „Machera“ stattfonnt, dat a Präsenz vum Inneminister Léon Gloden. Den Tim Karius, Member vum Comité vum SYVICOL a Buergermeeschter vun der Gemeng Lenneng, huet den Daachverband vun den 100 Gemengen dobäi vertrueden.

No engem kuerze Mot de bienvenue vun der Buergermeeschtesch Monique Hermes ass den Tätegkeetsbericht vun der Sekretärin Jessica Rommes virgestallt ginn. Duerno huet de Caissier Patrick Heinen Abléck an d’Finanze vun der ASCL ginn, ier dunn de Comité erneiert ginn ass, dee mat deenen zwee neie Memberen Thierry Asselborn (SICLER) an David Wagner (SIAEG) elo erëm komplett ass.

A senger Usprooch ass den ASCL-President Pierre Grisius dunn op déi aktuell Problemer vun der Fonctioun vum Gemengesekretär agaangen an huet an dem Kontext ënner anerem kritiséiert, datt intern Problemer an de Gemengen ëmmer ëfters an der Press an domadder an der Ëffentlechkeet breetgetrëppelt géinge ginn, ier Kloerheet am Dossier ass.

Duerno huet den Tim Karius d’Wuert ergraff, deen als Buergermeeschter vu Lenneng déi 7 Gemengen am Kanton Réimech am SYVICOL vertrëtt. Hien huet dobäi ënnerstrach, datt d’Zesummenaarbecht am Kanton ganz gutt klappt an sech do net nëmmen déi 7 Schäfferéit ofwiesselnd treffe fir Synergien ze notzen a gemeinsam am kantonalen Niveau Léisungen ze fannen, mee och d’Gemengesekretären an d’Receveuren.

Dës gutt Zesummenaarbecht am Kanton erméiglecht et, krankheetsbedéngten Ausfäll vu wichtege Plaze wei eben där vum Sekretär oder dem Receveur ze kompenséiere, esou de Tim Karius deen dunn och e konkret Beispill zitéiert huet: „Ganz rezent huet meng Gemeng missten esou en Ausfall kompenséieren, an d’Gemeng Schengen huet eis hire Sekretär ouni ze zécken zur Verfügung gestallt“. An dem Kontext huet hien ënnerstrach, datt d‘ Solidaritéit tëschent de Sekretären exemplaresch ass an datt dat och de Merite vun der ASCL wär.

Am Uschloss dorunner, ass den Tim Karius op d’Aarbecht am SYVICOL agaang. An deenen zwou Komiteessëtzunge vun 2026 ass et dobäi virun allem em d’Grond- an d'Mobiliséierungssteier, wéi och em de Code de Déontologie an den de Congé politique vun de Gemengepolitikerinnen a Gemengepolitiker gaang. Hien huet och duerchblécke gelooss, datt den Aarbechtsrhythmus an der Administratioun aktuell ganz héich ass, esou datt déi kleng Equipe (9,5 ETP) deemnächst verstäerkt wäert ginn.

Zum Schluss ass hien dunn nach op déi wichteg Roll vum Gemengesekretär, deen de Pilier vun der Administratioun vun enger Gemeng ass a bei deem all d’Fiedem zesummelafen, agaangen. Am Numm vum SYVICOL huet hie säi Merci un all d’Gemengesekretärinnen- a Sekretäre geriicht, déi all Dag eng super Aarbecht am Déngscht vun de Gemengen an domadder och fir all d'Biergerinnen a d'Bierger an eisem Land leeschten.

Nom Tim Karius huet den Inneminister Léon Gloden d’Wuert ergraff an dobäi opgezeechent, wéi d’Strukture vum Gemengesecteur an Zukunft weider ausgebaut a gestäerkt solle ginn, an dat am Resumé mat dräi Aussoen ënnerstrach: D’Mataarbechterinnen an d’Mataarbechter sinn d’Fundament vun effikassen a biergerorientéierte Gemenge-Servicer, eng Gemeng ass e Service-Betrib fir d’Bierger an den Inneministère ass de Partner vun de Gemengen.

Zum Schluss huet de Pierre Grisius dem Nadine Braconnier nach mat engem Cadeau Merci gesot. Hatt verléisst no gutt 9 Joer, dat laang Zäit an der Fonctioun vun der Sekretärin, de Comité, well hatt bekanntlech demnächst als Buergermeeschtesch vun der Gemeng Käerjeng en neien Challenge ugeet.

Fotoen: Sacha Goldschmit/MAINT

Publié le : 27.04.2026