Matières

Eng Delegatioun vu chineesesche Gemengepolitiker op Visitt zu Lëtzebuerg

Vum 9. bis den 11. Mee 2026 ware Vertrieder aus 6 chineesesche Stied, ugefouert vun der « Association du peuple chinois pour l’amitié avec les pays étrangers » (APCAE), op Invitatioun vum SYVICOL op Visitt zu Lëtzebuerg. D’lescht Joer am Abrëll war eng Delegatioun vum SYVICOL zesumme mat 3 Buergermeeschteren a China invitéiert gewiescht.

Lass goung et fir déi 26 Persoune staark Delegatioun aus China den 9. Mee 2026, um Europadag also, mat der Participatioun un de Feierlechkeeten zu Schengen, wou déi nei Direktesch vun der Schengen asbl, d‘Marlene Schmidt, de Schäfferot vertrueden huet. Do stoung niewent engem Accueil am Musée och d’Visitte vun der „aler“ Marie-Astrid um Programm, op där de 14. Juni 1985 den historeschen Accord vu Schengen ënnerschriwwe gouf.

No der obligatorescher Gruppefoto virun der Stèle zu Schengen goung et duerno u Bord vun der „neier“ Marie-Astrid a Richtung Réimech. A senger Ried wärend der Croisière huet de SYVICOL-President Emile Eicher e.a. ënnerstrach, datt Schengen déi wuel beschte Reklamm fir eist Land wär, an dat net nëmmen europawäit, mee an der ganzer Welt. China inklusiv also. Dobäi ass hien nach emol kuerz op den Historique agaangen a koum dunn op déi demografesch Begeebenheete vum Grand-Duché mat senge 690.000 Awunner, dorënner eppes Klenges méi wéi 4.000 Matbierger(innen) aus China, a sengen insgesamt ronn 48% net-Lëtzebuerger ze schwätzen. „An deem Kontext spillen déi 100 Gemengen hei am Land an hiren Daachverband de SYVICOL eng wichteg Roll a setze sech an Zesummenaarbecht mam zoustännege Ministère aktiv fir d‘sozial Kohäsioun an“ esou den Emile Eicher.

No engem kuerze Rondgang zu Réimech goung et dunn an den Institut Viti-Vinicole. Duerno stoung Kanech an d’Gemeng Lenneng um Programm, wou d’Delegatioun vum Buergermeeschter Tim Karius, Comitésmember vum SYVICOL, a vun deenen zwee Schäffen empfaange gouf. Do huet déi chineesesch Delegatioun Abléck an déi elektresch Busflott vun engem vun de gréissten Acteuren aus dem ëffentlechen Transport hei am Land krut a konnt sech och vun de Virdeeler vum Projet „Conduite autonome“ vu Pony.ai, enger chineesesch-amerikanescher Entreprise, iwwerzeegen.

Ofgeschloss gouf den 1. Dag an engem chineesesche Restaurant zu Mutfert, dee vum Dali Zhu, dem Buergermeeschter vu Conter, a senger Famill, bedriwwe gëtt. Den Dali Zhu huet d’Gäscht aus China an hirer Mammesprooch empfaangen an erkläert, wéi et zu sengem Engagement an der Gemengepolitik koum.

Um 2. Dag, dem 10. Mee 2026, goung et fir déi chineesesch Delegatioun fir d’éischt op de „Krautmaart“. De Chamberpresident Claude Wiseler hat et sech dobäi net huele gelooss fir d’Gäscht selwer duerch d'Raimlechkeete vun der wichtegster politescher Instanz an eisem Land zu féieren an dobäi och déi néideg Erklärungen ofzeginn. Virdrun hat hien awer nach eng Entrevue mam President a Chef vun der Delegatioun dem M. Mindao Yuan, Vice-President vun der APCAE, dem Vize-Buergermeeschter Zhifeng Ma, aus der Stad Zhengzhou, dem Guanglie Huang, Secretaire général adjoint aus der Stad Guangzhou an dem chineeseschem Ambassadeur hei zu Lëtzebuerg, dem Ning Hua. Och den Emile Eicher huet un dëser Entrevue deelgeholl. Nom Ënnerschreiwe vum Livre d’Or ass dunn op den Trape vun der Chamber d’Gruppefoto gemaach ginn.

Duerno goung et weider an déi Stater Märei, wou en Echange mam Schäfferot, ugefouert vum 1. Schäffen Maurice Bauer – d’Buergermeeschtesch an 1. Vizepresidentin vum SYVICOL Lydie Polfer war verhënnert – stattfonnt huet. Um Programm stoungen dobäi Sujete wéi de Logement, d’Mobilitéit an d’Gemengefinanzen. Nom offiziellen Deel mat der Signature vum gëllene Buch vun der Stad Lëtzebuerg a Riede vum Maurice Bauer, dem Mindao Yuan, dem Vize-President vun der APCAE, dem chineeseschen Ambassadeur Ning Hua, huet och den Emile Eicher d’Gäscht am Numm vum SYVICOL nach emol häerzlech wëllkomm geheescht an huet kuerz erkläert wéi et iwwerhaapt zu dëser Visite koum.

Nom Mëttegiessen an engem kuerze Rondgang duerch Stad, laanscht d’Gëlle Fra, goung et fir déi eng Hallschent vun der Delegatioun op Sandweiler fir eng Entrevue bei d’Cargolux mam President a CEO Richard Forson, déi eng strategesch Partnerschaft mat der Henan Civil Aviation Development & Investment Co., enger vun de gréisste chineesesche Fluggesellschaften, huet. Déi aner Hallschent vun der Delegatioun krut zäitgläich Abléck an de Centre National d'Incendie et de Secours (CNIS), dem Headquarter vum CGDIS op der Cloche d‘Or. Ofgeschloss gouf den 2. Dag mat engem Banquet. Virum Iessen huet den Inneminister Léon Gloden dobäi d’Gäscht aus China begréisst.

Um leschten Dag vun hirer Visitt ass dunn zu Esch-Belval ee Memorandum of Understanding ënnerschriwwe ginn. Dobäi hu sech de Gemengesyndikat Pro-Sud, vertrueden duerch de President an Escher Buergermeeschter Christian Weis, an d’Agora Group sàrl, vertrueden duerch de Vize-President vum Conseil de gérance Bruno Théret an d‘Directrice générale Yannick Quevedo mat der chineesescher Milliounestad Zhenghzou, vertrueden duerch de Vize-Buergermeeschter Zhifeng Ma, dozou engagéiert an Zukunft méi enk zesummenzeschaffen an sech e.a. an de Beräicher Klimawandel, energeetesch Transitioun, Rekonversioun vun industrielle Frichen a SmartCities auszetauschen.

No der Signature vum Accord huet eng Visitt um Site Belval stattfonnt, do wou joerzéngtelaang dausende Leit hiert deeglech Brout an der Stolindustrie verdéngt hunn an haut ee Wunnquartier an Akafszentrum ass, an Institutioune wéi d’Uni.lu hiert Doheem fonnt hunn. An deem Kontext hunn d‘Direktioune vum LIST a vu Luxinnovation de chineesesche Gäscht Abléck an hier Aarbecht ginn.

Zum Ofschloss ass et dunn op de Kierchbierg an d‘Chambre de Commerce gaang, wou ee Matchmaking-Event, un deem vill Entreprisen deelgeholl hunn, déi um chineesesche Marché aktiv sinn oder do wëlle Fouss faassen.

No eppes méi wéi 50 Stonnen hunn déi 26 Gäscht aus China eist Land dunn no engem ofwiesslungsräiche Programm erëm verlooss.

© SYVICOL/Laurent Blum an Caroline Martin

Publié le : 16.05.2026

Matières