Matières
D’Kultur, de Statut vum SYVICOL an d'Formatioun fir d’Gemengepolitiker : d’Theme vum President Emile Eicher um Buergermeeschterdag
Zu Munneref am Casino 2000 huet en Donneschden, den 21. Mee 2026 den traditionelle Buergermeeschterdag stattfonnt, deen dëst Joer ënnert dem Motto „Meng Gemeng. Meng Kultur“ stoung. Dobäi huet den Emile Eicher ënnerstrach, datt d’Gemengen ee wichtegen Acteur am Beräich Kultur sinn an huet a senger Ried och d’Formation continue fir d’Gemengepolitiker, déi de SYVICOL zënter 2025 ubitt, an de Mëttelpunkt geréckelt.
Virun deene méi wéi 700 Leit, déi un deem Rendez-vous schlechthin vum Gemengesecteur deelgeholl hunn, sot de SYVICOL-President am Ufank, datt d’Gemengen eng zentral Roll hunn, wann et dorëms geet fir Dieren zur Kultur opzemaachen. „Déi kulturell Offer an de Gemengen hänkt awer vun der jeeweileger Approche of a ka ganz ënnerschiddlech ausfalen.“ Entscheedend wär awer, datt d’Kultur „no bei de Leit, fir d’Leit a mat de Leit“ wär, well si net nëmmen een Deel vun eisem Alldag, mee carrement d’Fundament vun eiser Identitéit duerstelle géing.
Am weidere Verlaf vu sengen Ausféierungen ass de President op de Volet Archivage an de Gemengen agaangen an huet dobäi betount, datt de SYVICOL d’Fuerderungen, datt d’Gemengen och ënnert dat nationaalt Archivgesetz solle falen, méi retizent gesäit. Well et engersäits mëttelfristeg net genuch Archivisten am Land gëtt fir dës opwändeg Aarbecht ze maachen an anerersäits speziell déi kleng a mëttelgrouss Gemenge Problemer hätte fir sech dëst Personal iwwerhaapt kënne ze leeschten. „Duerfir huet de SYVICOL dem Kulturministère virgeschloen, e Pilotprojet op d’Been ze stellen, fir deen een oder aneren Archivist um regionaler Plang anzestellen an interkommunal ze denken“.
Och agaangen ass de President op d’Aarbecht vum SYVICOL, deen am leschte Joer net manner wéi 60 Avisen zu Gesetz- a Reglementsprojeten ofginn an domadder de Rekord vun 2022 egaliséiert huet. An deem Kontext huet de President sech erfreet doriwwer gewisen, „datt de SYVICOL duerch d’Bank ëmmer besser agebonnen a consultéiert gëtt, an zwar oft schonns virum Dépôt vun den Texter – dann also, wa mir nach am meeschten erreeche kënnen.“ Leider wär dat awer net ëmmer de Fall, esou de President, deen op een Neits d‘Fuerderung no enger institutionaliséierter Consultatioun vum SYVICOL an enger gesetzlecher Verankerung dovunner rappeléiert huet.
Nodeem de SYVICOL him eng Propositioun agereecht hätt, géing de Ball elo am Camp vum Inneminister leien. „Mir hoffen, datt mir eisen 100 Gemengen domadder déi Plaz am institutionelle Kader assuréieren, déi si verdéngt hunn“ esou de President onmëssverständlech an huet bäigefügt, dass dat dee passende Cadeau fir de 40. Gebuertsdag wär, deen de SYVICOL den 28. November 2026 feiert.
Den Emile Eicher ass dunn op de Volet „Formatioun continue“, déi de SYVICOL zënter 2025 ubitt, ze schwätze komm. Niewent der bekannter „Formation initiale pour élu(e)s“ no de Gemengewalen, huet de SYVICOL effektiv eng Offer vu Formation continue opgebaut. Bei de 4 regionale Reuniounen am Fréijoer 2025 gouf et dann och eng Bestätegung vun dëser Demande. Am meeschte gefrot sinn d’Beräicher Personalmanagement a Leadership.
D’Reaktiounen an de Feedback wäre bis elo ganz positiv, et mee géingen nach net genuch Leit deelhuelen. „Duerfir wëlle mir vun iech nach méi genee wësse wat Är Besoine sinn a wat Dir a Saache Formatioun vum SYVICOL erwaart.“, esou de President ofschléissend.
D’Equipe vum SYVICOL war dann och mat engem Informatiounsstand present fir den Acteuren aus dem Gemengesecteur d’Formation continue méi no ze bréngen an dës an Zukunft nach besser op hier Besoinen an Disponibilitéiten auszeriichten.
Matières