Matières
Antriede fir eng atomwaffefräi a méi friddlech Welt bei der Commemoratiouns-Zeremonie „Mayors for Peace“ an der Gemeng Suessem
A Presenz vum japaneschen Ambassadeur Mamoru Nomura hu sech en Donneschden, 6. August 2026, eng Rei Vertrieder vu Gemengen, aus der Chamber, vum SYVICOL an och vum Verdeedegungsministère an der Gemeng Suessem afonnt, fir am Kader vun der internationaler Organisatioun „Mayors for Peace“ deenen Dausende vun Affer vun den Atombommen op Hiroshima, an dräi Deeg méi spéit op Nagasaki, vu virun 81 Joer ze gedenken. Gläichzäiteg, gouf een Appell lancéiert fir manner Oprëschtung a méi Fridden op eisem Planéit.
No Reckeng op der Mess, Schëffleng, Käl /Téiteng, Iechternach a Wolz huet dëst Joer d’Gedenkfeier un de 6. August 1945 an der Gemeng Suessem, méi genee beim Pavillon Source Bel-Val Park stattfonnt. Eng ganz Partie Buergermeeschteschen a Buergermeeschteren haten de Wee an d’Süd-Gemeng fonnt an hunn sech do fir eng atomwaffefräi a virun allem och eng méi friddlech Welt plädéiert.
Zeréck geet d’Initiativ bekanntlech op den Tom Jungen, Buergermeeschter vu Réiser, an de Raymond Becker vun der „Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg asbl“, déi 2020 matt der Iddi en Opruff un d’Gemengen ze maachen, der internationaler Organisatioun „Mayors for Peace“ bäizetrieden, beim SYVICOL virstelleg gi waren an an deem Kontext och eng Gedenkzeremonie op d’Been ze stellen, déi turnusméisseg all Joer op de 6. August an enger anerer Gemeng organiséiert gëtt.
Entretemps hunn sech insgesamt 66 Gemengen aus dem Grand-Duché der Associatioun „Mayors for Peace“ ugeschloss. Déi éischt Gemeng war Wolz, d'Cité Martyre, an dat schonns am Juli 1989. An déi lescht, déi sech solidaresch erkläert huet, ass d'Gemeng Bech, déi zënter Ufank August elo och an deem Netzwierk vertrueden ass. Weltwäit sinn et 8.589 Stied a Gemengen aus 166 Länner a Regiounen.
Nodeem d‘Buergermeeschtesch vu Suessem Simone Asselborn-Bintz d’Gäscht begréisst hat, ass si op déi aktuell ganz ugespaante geopolitesch Lag agaangen an huet ënnerstrach, wéi wichteg et ass op dësem Dag ee Message vu Fridden ze ginn an ni ze vergiessen, wat deemools zu Hiroshima an dräi Deeg méi spéit zu Nagasaki geschitt ass. An hirer Ried huet si och den Dausenden vun Affer geduecht an dorunner erënnert, datt d'Suitte vun den Atombommen op Japan bis haut ze spiere bleiwen.
De SYVICOL-President Emile Eicher huet a sengen Ausféierungen ervirgehuewen, datt de 6. August 1945 ee Joresdag wär, deen ervirstécht wann een op den 2. Weltkrich géing zeréckkucken, well mat den Atombommen op déi 2 japanesch Stied och eng moralesch Grenz iwwerschratt gi wär vun deem wat de Mënsch engem anere Mënsch kann undoen. Den Emile Eicher huet och drun erënnert, datt wéi dëse Commemoratiouns-Dag déi éischte Kéier stattfonnt huet, d’Welt nach eng komplett aner war. De 6. August 2021 gouf et nach kee Krich an Europa, wat sech mat der brutaler Attack vu Russland op d’Ukrain am Februar 2022 du schlagaarteg geännert huet.
„Joerzéngtelaang hu mir virdrun am Fridden ee mat dem aneren zesumme gelieft an Europa. An d’Gemengen hunn dobäi eng wichteg Roll gespillt. Speziell an de 50er bis an déi 70er Joren si queesch duerch Europa Honnerte Jumelagen entstanen – an domadder Partnerschaften a Frëndschaften. De Message war kloer: „Kee Krich méi um ale Kontinent!“ esou den Emile Eicher wuertwiertlech.
Mam Krich an der Ukrain hätt Europa misste léieren, datt d’Rechtsstaatlechkeet, de Respekt vun de Mënscherechter, eis Onofhängegkeet, eis Fräiheet, eist Recht op Selbstbestëmmung, eis Demokratie an eis Solidargemeinschaft net selbstverständlech wären, esou den Emile Eicher weider. Et wär och erschreckend ze gesinn, datt d’Welt ëmmer méi eng geféierlech an onsécher Plaz géif ginn. „Duerfir muss de Message vun eise Gemengen dee sinn, datt mir versichen dorops opmierksam ze maachen an och versichen, d’Leit géint d‘Oprëschten ze mobiliséieren. Mir musse méi wéi jee virdru fir eng atomwaffefräi Welt antrieden.“, esou den SYVICOL-President ofschléissend.
Och de japaneschen Ambassadeur Mamoru Nomura huet a senger Ried déi passend Wierder fonnt. Hien ass dobäi op d‘Schicksal vun Iwwerliewenden agaangen an huet d’Geleeënheet genotzt fir de Gemenge Merci ze soe fir dësen traditionellen Engagement um 6. August, engem Datum deen op éiweg mat sengem Heemechtsland verbonne wäert sinn.
De Raymond Becker vun der „Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg asbl“ fir säin Deel ass a senger Ried op déi generell Oprëschtung agaangen a sot, datt eis Welt sech ëmmer méi op engem ganz „rutschegen nuklearem Ofgrond“ géing befannen, wéi hien et formuléiert huet. Déi eenzeg Léisung fir dës geféierlech Situatioun ze entschäerfe wär nuklear Deeskalatioun.
Duerno gouf dunn ee Ginkgobam – déi éischt Planz, déi 1945 zu Hiroshima erëm ugefaangen huet ze wuessen an domat ee Symbol vu Widderstandskraaft, Iwwerliewen a Resilienz ass – beim Pavillon Source Bel-Val Park ugeplanzt.
Fotoen: ©SYVICOL
Matières