Matières
« La résilience commence chez soi » : De SYVICOL-President huet op Initiativ vun der EU-Kommissioun un enger Table ronde deelgeholl
Am Kader vun der « Journée internationale pour la réduction des risques de catastrophe 2026 », den 13. Oktober 2026, huet de SYVICOL-President Emile Eicher un enger Table ronde am „Europa Experience Luxembourg“ um Kierchbierg deelgeholl, déi op Initiativ vun der Representatioun vun der Europäescher Kommissioun hei zu Lëtzebuerg zustane komm ass, an ass dobäi an éischter Linn op d’Roll vun de Gemengen agaangen.
Iwwerschwemmungen, Bëschbränn, Hëtztwellen, Cyberattacken, Blackout: Et gi ganz ënnerschiddlech Typpe vu Krise mat deenen eist Land an domadder seng Biergerinnen a Bierger kënne konfrontéiert sinn, esou den Emile Eicher am Ufank vun der Table ronde, déi vum Armand Back, dem Co-Chefredakter vum Tageblatt, moderéiert gouf an un där och den Inneminister Léon Gloden, den Dennis Wernerus, als Representant vun der Europäescher Kommissioun, an den Gianni Di Paoli, de Generalsekretär vum Jugendrot deelgeholl hunn. Den Emile Eicher huet an deem Kontext vun enger „Panoplie“ u méigleche Krisen-Zenarie geschwat.
An duerfir misst d’Populatioun informéiert a preparéiert ginn, esou den Inneminister Léon Gloden a senger éischter Interventioun. Mam Verdeele vum „Mäi Guide fir 72 Stonnen Autonomie“, deen un all Haushalt hei am Land gaangen ass, hätt een e wichtege Schratt an déi Richtung gemaach, esou den Innenminister, deen däitlech gemaach huet, datt et net dorëms géing goen, de Leit Angscht ze maachen, mee hinnen e méisproochegen Tool an d’Hand ze ginn, mat deem si sech beschtméiglechst kënnen op eng Kris virbereeden. D’Resilienz géing Doheem ufänken, esou de Minister.
Parallel dozou géingen e.a. beim CGDIS grouss Efforte bei der Materialbeschafung gemaach ginn, fir beispillsweis Bëschbränn an Zukunft nach besser bekämpfen ze kënnen. Wichteg wär am Krisefall, esou de Léon Gloden weider, d’Zesummespill vun den Autoritéiten an Instanzen hei am Land. Hien huet dobäi op déi besonnesch Roll vun den 100 Gemengen an hiren technesche Servicer higewisen.
Ganz am Sënn vun enger „whole-of-society-approach“ an der Reduktioun vu Katastropherisiken fir d’alleréischt am eegenen Doheem, huet de President vum Daachverband vun den 100 Gemengen doropshin ënnerstrach, wéi wichteg effektiv d'Roll vun de Gemengen als direkten Uspriechpartner niewent de staatlechen Autoritéiten am Krisefall ass. „Gemenge sinn déi politesch Institutioun, déi esou no wéi keng aner um Bierger ass. Duerfir musse si och beschtméiglechst op den Eeschtfall virbereet sinn, fir direkt um Terrain agéieren ze kënnen.“
„Eng Haaptsuerg gëllt dobäi ëmmer de vulnerabele Persounen, de Kanner an de Jugendlechen“, esou den Emile Eicher weider, deen awer och kloer gemaach huet, datt déi lokal Entitéite jee nom Typ vun der Kris net alles kënne leschten, mee staark op d’Ënnerstëtzung vun der Regierung a vum Staat mat all sengen Instanzen, e.a. dem CGDIS, dem Haut-Commissariat à la protection nationale, an am Extremfall och der Arméi, ugewise sinn.
Beim Stéchwuert „Kanner a Jugendlecher“ war et vu Säite vum Gianni Di Paoli den dréngenden Appell, datt si am Krisefall op kee Fall däerfe vergiess ginn. An der Pandemie wär dat geschitt. Et sollt een si mat an d’Boot huelen an als e wichtegen Acteur consideréieren, deen och eng Hand kéint mat upaken. D’Stëmm vun de Kanner a Jugendleche wär wichteg, well si d‘Zukunft vun onsem Land sinn.
Den Emile Eicher huet a sengen Ausféierung och déi eng oder aner Kéier zeréck op d’Pandemie gekuckt, speziell ënnert dem Bléckwénkel vun der Zesummenaarbecht vun de verschiddenen Acteuren, déi gutt geklappt hätt. „Dat ware ganz wichteg Erfarungen, déi mir do als Gemengen an och als SYVICOL, deen deemools ganz enk mat der Regierung zesumme geschafft huet, konnte maachen." Allerdéngs wären d’Krisen haut ganz anerer ginn wéi dat nach virun e puer Joer de Fall gewiescht wär.
Op d‘Fro hin op all d’Gemengen à ce stade prett wären, huet den Emile Eicher geäntwert, datt de Grad u Preparatioun ganz ënnerschiddlech wär an natierlech domadder zesumme géing hänken, op et sech em eng kleng, mëttel oder grouss Gemeng handelt. Et wär eben oft eng Fro vu Moyenen, där finanzieller an eben och där personeller. „D'Pandemie huet awer gewisen, datt mir am Krisefall och op d’Solidaritéit tëschent de Gemengen ziele kënne. An ech si mir sécher, dass dat bei der nächster Kris och esou wäert sinn.“
Nieft der Pandemie hätt hie selwer och well ee Blackout bei engem berufflechen Deplacement a Spuenien erlieft. „Ech war deemools deen eenzegen dee Boergeld derbäi hat. An dat ass an esou engem Fall ganz wichteg“, esou den Emile Eicher. Et wär deemno net vu Muttwëll, ëmmer Boergeld am Haus ze hunn, wéi et a enger vun de Recommandatioune vum „Mäi Guide fir 72 Stonnen Autonomie“ opgelëscht wär.
Vu Säite vum Dennis Wernerus, als Representant vun der Europäescher Kommissioun, war et virun allem den Appell, déi hybrid Bedrohung, d‘Cybersecuritéit an de Klimawandel ganz grouss ze schreiwen an a Saache Preventioun, déi richteg Investissementer ze maachen, op als Gemeng oder als Staat. Hien huet och ënnerstrach, datt Europa sech ëmmer als Ganzt misst wiere kënnen an duerfir nach méi digital vernetzt a logistesch onofhängeg misst ginn. Och misst déi kollektiv Stäerkt ëmmer virun déi vun all eenzelnem Memberstaat gestallt ginn.
Fotoen : © Sara Barbosa / Commission européenne - Représentation au Luxembourg
Matières