Matières

Fiche d'information:

Publié le : 16.12.2025 Commune(s) : RAMBROUCH Contact : Mme Sonja Kettmann Service : Collège des bourgmestre et échevins Mail : sonja.kettmann@education.lu Tel : +352 621 247 502 Site :

www.rambrouch.lu

Adresse:

Commune de Rambrouch
19, rue Principale
L – 8805 Rambrouch

« Téistuff beim Appollonia » - ee Lieu de rencontre fir ënnerschiddlech Kulturen

2025.12.16-Rambrouch_Téistuff beim Appollonia (8)

Mat der Trennung vu Kierch a Staat huet sech och d’Fro gestallt, wat mat deene ronn 500 Kierchen a Kapellen am Land geschitt. Eng 150 vun dëse Gebailechkeete ginn entretemps vum Kierchefong geréiert. De Rescht ass am Besëtz vun de Gemengen, déi se deels ënnerschiddlech notze wéi d'Beispill „Téistuff beim Appollonia“ zu Hueschtert an der Gemeng Rammerich weist. E Gespréich mat der Schäffin Sonja Kettmann, déi sech schonns fréizäiteg Gedanken zum Thema Reaffektatioun vun de Kierchen a Kapelle gemaach hat.


Madamm Kettmann, kënnt Dir eis soe wéi de Projet „Téistuff beim Appollonia“ zustane koum?

Zu Hueschtert gëtt et, wéi op villen anere Plazen am Land eng Kierch, déi an de leschte Joren ëmmer manner genotzt ginn ass, esou datt dëst Gebai déi gréissten Zäit eidel stoung. Dat wollte mir als Gemeng änneren an no bëssen hin an hier hu mir decidéiert, dës Plaz an ee Lieu de rencontre fir ënnerschiddlech Kulturen ëmzewandelen.


Wat ass speziell un dësem Projet ?

Mat der Trennung vu Kierch a Staat hu mir zesumme mat eiser Por decidéiert, all d’Kierchen an d’Kapellen, déi sech um Terrain vun der Gemeng Rammerich befannen, ze iwwerhuelen. Ech war deemools nach Conseillère an hat mir fréizäiteg Gedanken zum Thema Reaffektatioun vun eise Kierchen a Kapelle gemaach an och d’Gespréich mat all de politesche Parteie bei eis an der Gemeng gesicht, wéi een dës Gebailechkeeten an Zukunft sënnvoll kéint notzen. Gläichzäiteg hu mir och decidéiert, datt keng Kierch desakraliséiert gëtt. Dat hunn d’Leit och net gewollt, well all déi Kierche jo mat enger ganzer Rei Souvenire wéi Kanddafen, Kommuniounen, Hochzäiten a Begriefnisser, an domadder mat engem Deel vun hirem Liewe verbonne sinn. Mam Projet „Téistuff beim Appollonia“ si mir dunn ee Wee gaangen deen e bëssi aneschters ass, schonns aleng well mir den Numm vun der helleger Appollonia, der Schutzpatrounin vun den Zänndokteren an all deenen déi Zännwéi hunn, déi ëmmer mat enger Zaang duergestallt gëtt, ausgewielt hunn. D’Ursaach fir de Choix vum Numm ass, datt d'Kiermes zu Hueschtert esou heescht an den Numm Appollonia de Leit deemno geleefeg ass.


Fir wéi eng Zwecker gëtt „Téistuff beim Appollonia“ dann elo konkret genotzt?

Am Fong ass et eng Plaz, wou jidderee kann hikommen. Sief et fir eng Aktivitéit oder eng Versammlung. Et ass eng Plaz, déi sech eegent fir e klengen Jazz-Conzert oder eng flott Liesung. Et kann een awer och eleng dohinner komme fir ze liesen, ze musizéieren, Musek ze lauschteren oder mat de Kanner, déi dann do kënne spillen. Mir hunn esouwuel ee Piano do, wéi eng och Bibliothéik an ee Spilleck fir Kanner.

An dat alles op enger Plaz, déi et erlaabt de Patrimoine vun dëser Kierch, an enk verbonnen domadder d’Ambiance an d‘Atmosphär déi hei herrschen, op sech awierken ze loossen. D‘Kierche waren am Fong ëmmer Plazen, wou ee sech konnt zeréck zéien a Rou fannen. Et sinn hektesch Zäiten an eis Welt dréint ëmmer méi séier. Och duerfir huet ons dat als eng ganz gutt Iddi erschéngt. An der „Téistuff beim Appollonia“ kritt een och eng Taass Téi oder e Kaffi offréiert. Bis elo si mir ganz zefridde mat der Resonanz an dem Succès, deen de Projet huet.


Op wat gëtt beim Projet nach Wäert geluecht?

U sech ass et eppes wéi e Labo. Eng Aart Experiment, dat awer net op Consommatioun baséiert, mee op Austausch a Kommunikatioun. Inspiréiert hu mir eis och un de Basilikaen, déi jo fréier grouss Maarthalen waren, also Centre cultuellen am beschte Sënn vum Wuert. An an der „Téistuff beim Appollonia“ kënne mir esou d’Leit ënnert engem Daach zesummebréngen.

Et geet awer och em de Vivre ensemble. Entretemps treffe sech do och Leit vun der afrikanischer Communautéit aus dem Réidener Kanton. Wichteg ze soen ass an deem Kontext, datt d‘„Téistuff beim Appollonia“ net nëmmen op ass fir d’Awunnerinnen an d’Awunner aus der Gemeng Rammerich.


Wéi hutt Dir de Raum selwer ëmgestallt?

Mir hunn engersäits de Chouer an den Altor e bëssi protegéiert. Ideal wär eng grouss Rideau, mee da géing een dësen Deel net méi gesinn. An dat wär schued, well optesch gesinn ass et een Highlight. Mir hunn anerersäits och de Kräizgang ëmgehaangen. Déi al Bänken, déi deels an engem schlechten Zoustand waren, si beim CIGRE zu Wolz an nei Sëtzgeleeënheeten ëmgewandelt ginn. Hei huet natierlech och de Gedanke vun der Nohaltegkeet matgespillt. Wichteg war et eis, de Raum wunnlech ze gestalten, esou datt ee sech do ka wuel fillen.


Wéi grouss war de finanziellen Engagement?

Matt vill Käschte war den Amenagement net verbonnen, well de Gros vun de Miwwele Secondhand ass an déi weider Aarbechte vum Service technique vun eiser Gemeng, déi ganz motivéiert war dëse Projet ze realiséieren, ausgefouert goufen. D‘„Téistuff beim Appollonia“ gouf och als Leader-Projet mat 4.000 Euro subventionéiert.


Wéi gëtt d’Gebai geréiert a wéini ass op ?

Et gëtt eng Persoun, déi op der Gemeng zu Rammerech schafft an déi sech mi-temps em d’Gerance këmmert. Insgesamt gesinn ass de Projet mat ganz vill Benevolat verbonne wat d’Aktivitéite betrëfft. Mir hunn och eng Rei Reegelen opgestallt, well mir sécher wëlle goen, dat mir de Raum no enger Notzung och an deem Zoustand erëm virfannen, wéi mir eis dat virstellen. Am Kader vun engem Workshop vum Réidener Kanton koum an deem Zesummenhank d’Iddi op, eng Form vu Charte op d’Been ze stellen.

Mir sinn dënschdes an donneschdes mëttes op, a freides moies. D’Horairë sinn iwwert de Wanter och nach erweidert ginn, do kuckt een am beschten ëmmer déi aktualiséiert Ouverturesstonnen oder et freet een op der Gemeng no. Mee u sech kann een no telefonescher Umeldung ëmmer dohinner kommen, well mir am Fong en Open-Door-Konzept hunn, wat esou vill bedeit, dat mir a Saachen Auerzäiten zimmlech flexibel sinn.


Wéi eng Pläng ginn et fir déi aner Kierchen an der Gemeng?

Ech hat mir wéi gesot deemools als Conseillère vill Gedanke gemaach an och en Aarbechtspabeier erstallt. Zu Bilschdref an der Kierch kéint ee sech eng Residence d’Artiste virstellen. Zu Holz an der Kierch, déi ganz a wäiss gehalen ass, kéint een an enger ökumenescher Approche reliounsiwwergräifend an ëmmer am géigesäitege Respekt, a mengen Aen d’Dieren och fir aner Reliounen opmaachen. D’Kierch zu Ueschdref fir hiren Deel huet eng nei Uergel an eegent sech deemno beschtens fir Concerten. Wichteg ze erwänen ass och nach, datt ëmmer nach Massen an deene Kierchen ofgehale kënne gi well se net desakraliséiert sinn.

Matières

Fiche d'information:

Publié le: 16.12.2025 Commune(s) : RAMBROUCH Contact: Mme Sonja Kettmann Service: Collège des bourgmestre et échevins Mail: sonja.kettmann@education.lu Téléphone: +352 621 247 502 Site:

www.rambrouch.lu

Adresse:

Commune de Rambrouch
19, rue Principale
L – 8805 Rambrouch