1951 & 1986: Den duebelen Anniversaire vum SYVICOL an e Réckbléck op 70 Joer Gemenge-Vertriedung um nationalen a regionale Plang
Published on | 25 January 2021 |
Categories | Général |
De „Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises“ (SYVICOL) feiert dës Joer seng 35 Joer, an de „Conseil des Communes d’Europe“ (CEE), deem seng lëtzebuergesch Sektioun de Virleefer vum haitegen Daachverband vun de Gemenge ass, feiert dëst Joer säi 70. Anniversaire. Déi zwee entscheedend Datumer an deem Kontext sinn den 28. Januar 1951 an den 29. November 1986.
De SYVICOL hëlt dësen duebelen Anniversaire ab muer 26. Januar als Ulass fir am Kader vun enger Online-Campagne zeréckzekucken op dat wat an de leschte 7 Joerzéngten an éischter Linn hei zu Lëtzebuerg um kommunalen, lokalen a regionale Plang geschitt ass.
An den nächste Wochen a Méint publizéiert de SYVICOL op senger Homepage www.syvicol.lu an op sengem Facebook-Account reegelméisseg kleng Artikelen, gréisser Beiträg, Portraiten an Interviewe vu markante Perséinlechkeeten aus der Lëtzebuerger Kommunalpolitik, interessant Zäitdokumenter a Fotoen, a léist domadder déi laang Zäitspan Revue passéieren.