Optakt vun de regionalen Online-Ateliere vum SYVICOL
Published on | 09 March 2021 |
Categories | Général |
Zesumme mat sénge Memberen denkt de SYVICOL am Moment driwwer no, a wéi eng Richtung de Gemengesyndikat sech soll entwéckelen. An deem Kontext huet den 8. Mäerz den éischte vun insgesamt 5 regionalen Online-Ateliere stattfonnt.
Ronn 30 Vertrieder aus der Gemengepolitik ware bei deenen 3 Workshoppen mat derbäi. Zesumme gouf monter diskutéiert, an et koumen eng ganz Rei interessant Pisten a Virschléi op den Dësch. D‘Participatioun ass an dem Zesummenhang e ganz wichtegt Stéchwuert, well et geet dorëm gemeinsam mat de Lokalpolitiker erauszefannen, wéi eng Orientéierung de SYVICOL an den nächste Jore soll huele fir an Zukunft nach besser op d’Besoinë vun de Gemenge kënnen anzegoen.
Déi nächst Ateliere fannen de 15., 20., 22. a 27. Mäerz statt. Si dauere jeweils gutt zwou Stonnen. D’Themeberäicher, déi de SYVICOL, deen dëst Joer bekanntlech säi 35. Anniversaire feiert, an dem Kontext zesumme mat de Gemengepolitiker diskutéiert, sinn:
- D’Kommunikatioun vum Syndikat mat de Gemengen
- De Besoin u Formatioun fir d’Gemengepolitiker
- D’Missioune vum SYVICOL
- D’Fonctionnement vum SYVICOL
Weider Informatioune ginn et op dëser Säit. An d’Aschreiwe geet ganz einfach iwwer dëse Formulaire.
De SYVICOL seet all de Participanten e grousse Merci !
Mir freeën eis op déi nächst interessant Echangë mat Iech - Kommt schwätzt mat!