ACTUALITÉS

Suivez l'actualité avec nous !

E gelongenen 1. Neijoerschpatt vum SYVICOL

De SYVICOL huet en Dënschden, de 27. Januar 2026, op der „Schéiss“ an der Stad op dat neit Joer ugestouss. Mat derbäi waren, nieft enger ganzer Rei vu Lokalpolitikerinnen a Lokalpolitiker, Vertriederinnen a Vertrieder vun de Partnerorganisatiounen an aus der Zivilgesellschaft, och d’Ministere Léon Gloden an Eric Thill mat hire Mataarbechter.

No enger Begréissungsusprooch duerch de Maurice Bauer, 1. Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, a Vertriedung vun der Buergermeeschtesch an 1. Vizepresidentin vum SYVICOL Lydie Polfer, huet de SYVICOL-President Emile Eicher fir d’éischt der verstuerwener fréierer Stater Buergermeeschtesch Colette Flesch geduecht an dobäi och hiren Engagement als Vizepresidentin vun der „Association des Villes et Communes Luxembourgeoises“, dem Virleefer vum haitegen SYVICOL, ervirgehuewen.

No enger Gedenkminutt un déi Verstuerwen, huet den Emile Eicher dunn op d'lescht Joer zeréckgekuckt, an deem de SYVICOL net manner wéi 60 Gesetz- a Reglementsprojeten aviséiert huet. Dat wär ganz vill Aarbecht gewiescht, sou de President vum SYVICOL, deen duerfir de Membere vum Büro, dem Comité, deenen 3 Kommissiounen an awer och der Administratioun, déi fir de redaktionelle Volet zoustänneg ass, e grousse Merci gesot huet.

E grousse Merci fir déi gutt a konstruktiv Zesummenaarbecht goung awer och un déi zwee Regierungsvertrieder, an éischter Linn den Inneminister Léon Gloden. „Et ass engersäits wichteg, datt de SYVICOL an d’Aarbecht vum Interieur a vun der Regierung agebonnen ass, an anersäits, datt den Interieur an d‘Regierung genee um Courant sinn, wat grad am Gemengesecteur lass ass, wou de Schung dréckt a wéi d’Problematike gelagert sinn“, esou den Emile Eicher an deem Kontext. Am weidere Verlaf vu sengen Ausféierungen huet hien dunn doropper higewisen, dat „mir nëmmen zesumme weiderkommen an et nëmmen esou fäerdeg bréngen, all déi Erausfuerderunge wéi de Logement, d’Mobilitéit, d’Educatioun, d’Digitaliséierung an d’Simplication adminstrative a ville Beräicher unzegoen an duerfir Léisungen ze fannen“.

Nieft den Avisen zu Gesetz- a Reglementsprojeten ass eng vun den Aktivitéite vum SYVICOL awer och de Volet Formatioun. Scho ganz laang proposéiert de Gemengesyndikat bekanntlech no all Gemengewalen, e Formatiounszyklus vun 8 Moduller fir déi nei Gewielten, grad wéi fir déi, déi hier Kenntnisser wëllen opfrëschen.

Nei ab 2025 ass awer Offer vu Formation continue, déi et erlaabt, a verschiddene Matière méi an den Detail ze goen, grad wéi och Themen ze behandelen, déi net konnten an d‘Basisformatioun no de Walen opgeholl ginn, well et einfach ze vill ass. „Fir de Choix vun Theme baséiere mir eis net nëmmen op verschidde Sondage bei de Gemengepolitikerinnen a -politiker, mee och op dat wat eis wärend de regionale Reuniounen am Mäerz 2025 virgeschloe ginn ass“ esou de President als Erklärung dozou. Fir d‘éischt Semester 2026 sinn elo net manner wéi 22 eenzel Moduller geplangt, dat heescht Formatiounen an Atelieren, wouvunner sech der 11 mam Personalmanagement a Leadership beschäftegen.

D‘Informatiounen iwwert dem SYVICOL seng Formatioune ginn et op der „gemengeplattform.lu“, enger Plattform, déi och nach vill aner Méiglechkeete bitt an déi mëttlerweil e wichtege Kommunikatiouns-Tool tëschent dem SYVICOL an de Gemenge ginn ass. „D’Gemengeplattform soll wierklech déi Plaz sinn, wou mir eis als Gemengepolitiker kënnen austauschen a weiderhëllefen“, esou de President dozou. An deem Kontext huet hien ënnerstrach, datt de SYVICOL an de leschte Joren net stoe bliwwen ass, mee mat sengen Aufgabe gewuess wär. An dat och am Beräich Digitaliséierung a Kommunikatioun.

Wat elo den Ausbléck fir dat lafend Joer betrëfft, esou huet de President vum Daachverband vun den 100 Gemengen op de 40. Anniversaire vum SYVICOL, den 29. November 2026, gekuckt an dobäi gläich zwee Wënsch geäussert: engersäits nei Raimlechkeeten an anersäits eng gesetzlech Verankerung vum SYVICOL.

Leeft alles riicht, plënnert de SYVICOL am Laf vun dësem Joer mat der Ënnerstëtzung an Hëllef vun der Stad Lëtzebuerg an nei Raimlechkeeten, déi net nëmme méi grouss a confortabel sinn, mee och méi representativ wéi déi aktuell.

Deen zweete Wonsch, deen déi gesetzlech Verankerung vum SYVICOL betrëfft, huet de President un den Inneminister Léon Gloden geriicht. Dobäi geet et dorëms, datt an engem Gesetz festgehale gëtt, datt de SYVICOL bei all de legislativen Texter, déi d’Gemengen de près ou de loin betreffen, consultéiert muss ginn. „Mir sinn amgaang, eis intern Gedanken dozou ze maachen, déi mir Dir virum Summer wéilten ënnerbreeden“ esou de President un d’Adress vum zoustännege Minister

Ofgeschloss gouf dee méi offiziellen Deel vum gelongenen 1. Neijoerschpatt vum SYVICOL mat enger Ried vum Inneminister Léon Gloden, deen och eng ganz Partie Messagen hat, déi sech an éischter Linn un d’Lokalpolitikerinnen an d’Lokalpolitiker geriicht hunn.

A sengen Ausféierungen ass de Minister op déi wichteg Roll vum SYVICOL als Sproochrouer vun de Gemengen an als Partner vum Interieur agaangen. De Léon Gloden huet de gewielte Gemengevertrieder fir hiert Engagement och Merci gesot an dobäi d’Noutwendegkeet vun engem respektvollen Ëmgang mateneen ënnerstrach a rappeléiert, datt een als Gemengepolitiker eng Virbildfunktioun huet.

Desweiteren sot hien datt 2026 d’Joer vun de Gemenge géing gi mat den administrative Vereinfachungen a Saache Baugeneemegungen a bei de PAG-PAP-Prozeduren. An Aussicht gestallt huet hien och d’Iwwerschaffe vum nationale Bautereglement an eng Stäerkung vun de Personalstrukturen op de Gemengen.

Fotoen: © SYVICOL/Laurent Blum


Publié le 29.01.2026

BONNES PRATIQUES

Laissez vous inspirer par notre collection d'initiatives communales innovantes !

ANNUAIRE DES COMMUNES

L'annuaire complet des communes de Luxembourg

L'annuaire des communes vous permet de trouver facilement des informations sur toutes les communes, y compris leurs responsables politiques et les coordonnées de leurs principaux services.


ANNUAIRE DES SYNDICATS

Un répertoire exhaustif des syndicats de communes

L'annuaire des syndicats donne une vue d'ensemble sur tous les syndicats de communes, quel que soit leur domaine d'activités, avec leurs décideurs politiques et les données de contact des agents principaux. 


Découvrez notre application mobile !

Téléchargez notre application mobile conviviale et ayez toute l'information sur le SYVICOL dans votre poche !

Rejoignez-nous sur les médias sociaux !

Nos réseaux sociaux sont le meilleur endroit pour rester à jour avec nos dernières nouveautés.

Suivez nous sur Instagram
Suivez nous sur Linkedin

Abonnez-vous à notre newsletter !

Restez informé(e) sur nos activités grâce à des bulletins d'information réguliers.