
D‘Simone Beissel gëtt Presidentin vun EuRegioSaarLorrLux+
Published on | 13 March 2021 |
Categories | Anniversary |
De 15. Februar 1995 huet d’Iddi, der grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht um kommunale Plang méi Gewiicht ze ginn, dozou gefouert, datt d’EuRegioSaarLorrLux+ (www.euregio.lu) gegrënnt ginn ass. De But vun der Asbl ass kloer: Et geet dorëms, datt d’Gemengen aus der Groussregioun sech besser ënnerteneen austauschen, hir Erfarunge geziilt notzen an esou d‘Kollaboratioun iwwer d’Grenze vun de Länner ewech promouvéieren.
Vun Ufank u vertrëtt de Gemengesyndikat SYVICOL d’Interête vun onsem Land am EuRegioSaarLorrLux+ an huet mam Dr. Jean Goedert, deemools Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, den éischte President gestallt. Vum 13. Mäerz 2003 un, war d‘Simone Beissel, deemools wéi haut Schäffen an der Stad Lëtzebuerg, dunn d‘Presidentin.
An hirer Untrëttsried, huet si ënnerstrach, datt d’Gemengen dat wichtegst Bindeglied zu de Bierger sinn. A weider: „La Grande Région ne prendra réellement forme qu’avec l’adhésion des populations sans quoi la coopération transfrontalière restera un concept vide“. Kloer wär och, esou d’Simone Beissel weider, datt d’Gemengen eng entscheedend Roll spille wann um Niveau vun der Groussregioun Decisioune geholl ginn. Well et wären d’Leit an déi kommunal Entitéiten, déi se mussen droen an ëmsetzen.
D’Simone Beissel (hei op bei hirem Abschid) ass bis 2012 als Vizepresidentin am d’EuRegioSaarLorrLux+ aktiv a vertrëtt seit 2000 d’Interête vun de Gemengen am Comité européen des Régions (CdR). Vun 2013 bis 2016 ass dann mam Louis Oberhag, Vizepresident vum SYVICOL, den drëtten Lëtzebuerger President vum EuRegioSaarLorrLux+. De Louis Oberhag (Waldbredimus) ass zënter 2016 elo Vizepresident. Déi aner Lëtzebuerger Memberen am aktuellen Verwaltungsrot sinn: Raymonde Conter-Klein (Péiteng), de Fränk Melchior (Rammerech) an de Bob Steichen (Ettelbréck).
Foto: © EuRegio