ACTUALITÉS

Suivez l'actualité avec nous !

De Vizepresident Serge Hoffmann huet de SYVICOL op der Generalversammlung vun der ASCL vertrueden

An der Maison de la Culture « Pontebier » huet e Freiden, den 21. Mäerz 2025 zu Schuller d‘Generalversammlung vun der Association des secrétaires communaux du Luxembourg (ASCL) stattfonnt, op där de Comité nei besat ginn ass. De SYVICOL war duerch säi Vizepresident Serge Hoffmann vertrueden. Ugefaangen huet d‘Generalversammlung mat der Begréissungsusprooch vun der Madamm Manon Bei-Roller, der Buergermeeschtesch vun Dippech, déi bei där Geleeënheet hir Gemeng portraitéiert huet. Am Uschloss dorunner, huet de Pierre Grisius, Präsident vun der ASCL, d’Wuert un d’Participante geriicht. D‘Nadine Braconnier, d’Sekretärin, an de Christian Arend, Tresorier vun der ASCL, hunn duerno hir jeeweileg Rapporte presentéiert. Nodeem d’Keeserevisoren Entlaaschtung ginn haten an d’Cotisatioun fir 2026 festgeluecht gi war, ass, wéi et an de Statute vun der ASCL virgesinn ass, no 4 Joer de Comité erneiert ginn.* An sengen Ausféierungen huet de Serge Hoffmann, Vizepresident vum SYVICOL a Buergermeeschter vun der Gemeng Habscht, der ASCL du fir d’alleréischt emol Merci gesot fir d’Invitatioun an de Präsident Emile Eicher entschëllegt, dee verhënnert war. Den Här Hoffmann ass dunn op déi 4 regional Reunioune vum SYVICOL mat de Gemengen agaangen, déi ënnert dem Slogan „Kommt schwätzt mat“ stoungen. Fir den Daachverband vun den 100 Stied a Gemengen hei am Land war et d’Geleeënheet fir sech a säi Fonctionnement ze presentéieren a fir zesumme mat de verschidden Delegéierten d’Uleiessen vum kommunale Secteur ze diskutéieren an esou de Bols ze huelen, esou de Vizepresident vum SYVICOL weider. E weidere Punkt, deen den Här Hoffmann ugeschwat huet, war dem SYVICOL seng Publikatioun „D’Gemengegesetz liicht gemaach“. D’Zil vun dëser Publikatioun ass et, de gesetzleche Kader vun de Gemengen, an haaptsächlech d’ofgeännert Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988, esou opzebereeden datt et méi liicht accessibel ass. Den Här Hoffmann huet och déi wichteg Roll vum Gemengesekretär, deen de Pilier vun der Administratioun vun enger Gemeng ass a bei deem all d’Fiedem zesummelafen, erwäänt. An deem Kontext huet hien och d‘Zesummespill tëschent der Politik an der Administratioun ugeschwat, dat immens wichteg wär fir de gudde Fonctionnement vun enger Gemeng. Zum Schluss huet dunn och nach de Cyrille Goedert, als Vertrieder vum Inneminister, d’Wuert ergraff ier d’Generalversammlung vun der ASCL mam Punkt „Discussions et débat ouvert“ ofgeschloss ginn ass. *Déi proposéiert Memberen fir de Comité goufen unanime vun der Assemblée ugeholl. De Comité setzt sech deemno aus folgende Persounen zesummen : Christian Arend, Nadine Braconnier, Jos Engel, Pierre Grisius, Patrick Heinen, Henri Krecké, Pat Melchior, Paul Mergen, Claude Oé, Jessica Rommes, Pierre Schmit, Aender Schroeder. Fotoen: © ASCL


Publié le 16.05.2025

BONNES PRATIQUES

Laissez vous inspirer par notre collection d'initiatives communales innovantes !

ANNUAIRE DES COMMUNES

L'annuaire complet des communes de Luxembourg

L'annuaire des communes vous permet de trouver facilement des informations sur toutes les communes, y compris leurs responsables politiques et les coordonnées de leurs principaux services.


ANNUAIRE DES SYNDICATS

Un répertoire exhaustif des syndicats de communes

L'annuaire des syndicats donne une vue d'ensemble sur tous les syndicats de communes, quel que soit leur domaine d'activités, avec leurs décideurs politiques et les données de contact des agents principaux. 


App SYVICOL pour Android & IOS

Téléchargez notre application mobile conviviale et ayez toute l'information sur le SYVICOL dans votre poche !

Rejoignez-nous sur Facebook et Linkedin

Nos réseaux sociaux sont le meilleur endroit pour rester à jour avec nos dernières tendances et nouveautés.

Suivez nous sur Linkedin

Abonnez-vous à notre newsletter !

Restez informé(e) sur nos activités grâce à des bulletins d'information réguliers.