A Präsenz vum japaneschen Ambassadeur Tadahiro Matsubara hunn sech e Mëttwoch, de 6. August 2025, eng Rei Vertrieder vu Gemengen, aus der Chamber a vum SYVICOL zu Wolz beim nationale Streikmonument afonnt, fir am Kader vun der internationaler Organisatioun „Mayors for Peace“ un déi Dausenden vun Affer vun den Atombommen op Hiroshima, an dräi Deeg méi spéit op Nagasaki, vu virun 80 Joer ze erënneren. Doriwwer eraus gouf dës Commemoratiounsfeier och genotzt fir déi weltwäit Oprëschtung unzeprangeren a fir eng méi friddlech Welt anzetrieden.
No Reckeng op der Mess, Schëffleng, Käl /Téiteng an Iechternach huet dëst Joer déi 5. Editioun vun dëser „Journée de Commémoration“ zu Wolz beim nationale Streikmonument stattfonnt. Eng ganz Partie Buergermeeschteschen a Buergermeeschteren hunn dorunner deel geholl an dobäi un de 6. August 1945 erënnert an esou e staarke Message fir eng atomwaffefräi a méi friddlech Welt ginn. D’Chamber gouf, ënner anerem, vu sengem Vizepresident Fernand Etgen representéiert.
Zeréck geet d’Initiativ op den Tom Jungen, Buergermeeschter vu Réiser, an de Raymond Becker vun der „Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg asbl“. Enn 2020 sinn si beim SYVICOL matt der Iddi en Opruff un d’Gemengen ze maachen, der internationaler Organisatioun „Mayors for Peace“ bäizetrieden, virstelleg ginn an hunn eng Gedenkzeremonie an d’Liewen geruff, déi all Joers organiséiert gëtt. Am Kader vun der Zeremonie e Mëttwoch zu Wolz goufen den Tom Jungen an de Raymond Becker geéiert genau esou wéi och den Emile Eicher, Präsident vum SYVICOL, deen dësen Evenement chapeautéiert.
Nodeem d‘Buergermeeschtesch Carole Weigel d’Gäscht begréisst hat, ass si och op d’Zerstéierung vu Wolz am 2. Weltkrich an op d’Leed vun der Zivilpopulatioun agaangen. Si huet awer och dorunner erënnert, datt Wolz déi éischt Gemeng am Land war, déi schonns am Juli 1989, dem Netzwierk „Mayors for Peace“ bäigetrueden ass, wat op de kierzlech verstuerwe fréiere Buergermeeschter André Biver zeréckgeet.
Insgesamt 64 Gemengen aus dem Grand-Duché hunn sech entre-temps der Associatioun „Mayors for Peace“ ugeschloss. Weltwäit sinn et 8.497 Stied a Gemengen aus 166 Länner a Regiounen. Ënnerstrach huet d’Carole Weigel awer och wéi wichteg et aktuell wéinst dem Krich an der Ukrain an der ugespaanter geopolitescher Lag ass seng Stëmm ze erhiewe fir ee Message vu Fridden ze ginn an ni ze vergiessen, wat deemools de 6. August 1945 zu Hiroshima an dräi Deeg méi spéit zu Nagasaki geschitt ass.
De SYVICOL-President Emile Eicher huet a sengen Ausféierunge fir d’éischt ervirgehuewen, dat mir all mam 2. Weltkrich a mam Ukrainkrich geléiert hätten, datt d’Rechtsstaatlechkeet, de Respekt vun de Mënscherechter, eis Onofhängegkeet, eis Fräiheet, eist Recht op Selbstbestëmmung, eis Demokratie an eis Solidargemeinschaft net selbstverständlech wären. „An enger Zäit, wou de Fridden an Europa staark menacéiert ass, ass et engersäits wichteg d’Konsequenze vum 2. Weltkrich, mee anersäits och de Krich an der Ukrain net aus den Aen ze verléieren“ esou deen Emile Eicher, deen dunn och op déi wuessend Tensiounen tëschent Ost a West agaangen ass.
No der Deklaratioun vun der OSZE, deemools nach KSZE genannt, vun Helsinki den 1. August 1975 hätt et lues awer sécher weltwäit no Entspanung ausgesinn. Ënnert deene 35 Länner, déi dës Deklaratioun deemools ënnerschriwwen hunn, waren och d’USA an d’UdSSR. „Et war eng Zäit, déi allgemeng als Détente
beschriwwe ginn ass a wou vun alle Säite versicht ginn ass, d’Sécherheet duerch méi Diplomatie a manner Oprëschtung ze garantéieren“, sot den Emile Eicher an dem Kontext. Haut wäre mir awer nach wäit dovunner ewech. Dat géing him Angscht maache,genau esou wéi déi heefeg Echecken vun der Diplomatie an déi weltwäit ëmmer méi grouss Oprëschtung, déi och virun eisem Land net géing Halt maachen.
Ofschléissend huet de SYVICOL-Präsident alle Bedeelegten, speziell awer der Gemeng Wolz f Merci gesot fir déi gelonge Feier an och dem Tom Jungen an dem Raymond Becker fir hir Iddi felicitéiert. Hien huet dunn och een Opruff gemaach un déi aner 46 verbleiwend Gemengen,der Organisatioun „Mayors for Peace“ bäizetrieden, déi 1982 vum Takeshi Araki, dem deemolege Buergermeeschter vun Hiroshima, an d’Liewe geruff gouf, mam Zil, datt d’Gemengen, hier Biergerinnen a Bierger, sech fir eng Welt ouni Atomwaffen asetzen a generell fir ee méi friddlecht Zesummeliewen.
De Raymond Becker vun der „Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg asbl“ fir säin Deel ass a senger Ried op déi generell Oprëschtung agaangen a sot, datt et aktuell eng 12.000 Atomwaffe weltwäit géingen ginn. „A statt manner géifen et der ëmmer méi ginn“, esou de Raymond Becker, dee genau wéi de Emile Eicher doropper higewisen huet, datt d’Diplomatie momentan effektiv net méi dee Stellewäert huet, deen se nach virun enger Rei Joren hat.
A senger Ried huet hien och d‘Toshiko Tanaka, eng Iwwerliewend vun Hiroshima, déi „Hibakusha“ genannt ginn, erwäänt, déi iwwer 60 Joer laang net dovunner temoignéiert huet wat si als klengt Meedchen erlieft huet, dunn awer ugefaangen huet ronderëm d’Welt ze reesen an sech, genau wéi dat internationaalt Netzwierk „Mayors for Peace“, géint Atomwaffen anzesetzen.
Och de japaneschen Ambassadeur Tadahiro Matsubara huet déi passend Wieder fonnt. Hien ass dobäi an éischter Linn op d‘Schicksal vun den Dausenden vun Iwwerliewenden agaangen an huet d’Geleeënheet genotzt fir seng grouss Verbonnenheet mat Lëtzebuerg ze ënnersträichen an de Gemengen hei am Land fir hiren Engagement seng Dankbarkeet entgéint bruecht.
Virum symboleschen Uplanze vun engem Ginkgobam – déi éischt Planz, déi 1945 zu Hiroshima erëm ugefaangen huet ze wuessen an domat ee Symbol vunWidderstandskraaft, Iwwerliewen a Resilienz – sinn nach dräi Gerben, begleet vum Intonéiere vun der Sonnerie aux morts, dem emotionalen Héichpunkt vun der Feierlechkeet, beim nationale Streikmonument néiergeluecht ginn.
Am Uschloss sinn d'Gäscht dunn nach eng Ausstellung an d’Salle culturelle an d'Schlass zu Wolz kucke gaangen, déi Opname vun Hiroshima an Nagasaki no den Atombommen an d'Leed vun de Leit weist. Dës Ausstellung, déi d’Gemenge Wolz zesumme mat der japanescher Ambassade organiséiert huet, ass als Wanderausstellung gestalt a wäert an Zukunft och an anere Gemengen a Lycéeën ze fanne sinn.
D'nächst Joer fënnt d'Gedenkfeier an der Gemeng Suessem statt.
Fotoen : © Commune de Wiltz/Caroline Martin