Am Centre culturel „Beim Nëssert“ zu Biergem huet e Mëttwoch 11. Februar 2026 déi 2. Editioun vun der "Journée communale" vun der FGFC stattfonnt. Dobäi huet de Vizepresident Serge Hoffmann de SYVICOL vertrueden. No enger kuerzer Begréissungs-Usprooch vum Monnerecher Buergermeeschter Jeannot Fürpass, huet direkt den FGFC-President Claude Reuter d’Wuert ergraff an sech dobäi fir e staarken, attraktiven a moderne Gemengesecteur ausgeschwat an dat am Sënn vun de Biergerinnen a Bierger. D‘Gewerkschaft vum Gemengepersonal, esou den FGFC-President, wär e „kompetenten an zouverléissege Partner fir d’Gemengepersonal, d’Gemengen an d’Politik“. Am Ufank vu senger Ried, huet de SYVICOL-Vizepresident Serge Hoffmann virop dem Personal aus dem Gemengesecteur e grousse Merci gesot fir säin Asaz dat ganzt Joer iwwer fir d‘Liewensqualitéit vun de Biergerinnen a Bierger an hire Gemengen. Säi Merci goung awer och un d’FGFC. Speziell och wéinst der Invitatioun op de Workshop, deen am Laf vum Mëttwochmoie stattfonnt huet, an deen him et erméiglecht hätt, de Bols un der Basis ze huelen. Hien huet och op d’Echangen higewisen déi den Daachverband vun deenen 100 Gemenge reegelméisseg mat der FGFC huet. A sengen Ausféierungen huet e Serge Hoffmann sech och fir e Gemengesecteur ausgeschwat, deen de groussen Ufuerderunge gerecht gëtt a performant a generell zum Ausdrock bruecht, datt méiglechst eenheetlech Reegele fir de Secteur musse gëllen. Esou wär d‘Ausschaffe vun engem ROI-type fir d’Gemenge sécher eng gutt Approche, allerdéngs wären d’Besoinen an d’Defie vun enger klenger Gemeng an enger grousser Gemeng dach ganz ënnerschiddlech. „De Kader däerf also net ze vill rigide sinn, mee flexibel genuch fir datt en op d’Besoine vun all de Gemenge passt“, esou de Serge Hoffmann an dem deem Kontext. Ofschléissend ass de Vizepresident vum SYVICOL nach op d‘Formation continue agaangen, déi de SYVICOL zënter Hierscht 2025 fir d’Gemengepolitikerinnen -a Politiker ubitt fir si beschtméiglechst op hir Missioun virzebereeden. Fir d‘éischt Semester 2026 sinn elo net manner wéi 22 eenzel Moduller geplangt, wouvunner sech der 11 mam Personalmanagement a Leadership beschäftegen, esou de Serge Hoffmann weider. Den Inneminister Léon Gloden huet a senger Ried d’Wichtegkeet vum Gemengepersonal ënnerstrach an déi gutt a konstruktiv Partnerschaft tëscht sengem Ministère an der FGFC ervirgehuewen. Hie wär oppe fir Reformen, an d‘Strukture vum Gemengesecteur misste weider ausgebaut a gestäerkt ginn. Als Beispill duerfir huet hien déi geplangte gesetzlech Upassunge fir méi Rechtssécherheet a kloer Kompetenzreegelunge beim Direktiounspersonal vun de Gemengesyndikater genannt. Fotoen: © FGFC/Eric Devillet