Frequently Asked Questions
Below, you will find questions that have been communicated to us by municipalities, with the corresponding responses from the Government. All responses indicate the date on which they were received. It cannot be ruled out that, following a change in the situation, they are no longer relevant. It is therefore important to consider other sources of information as well.
This section is updated as soon as we receive new content.
Ass et méiglech iwwer Procuratioun oder Videokonferenz un engem geheime Vote (Art. 32) vum Gemengerot deelzehuelen ?
27.03.2020 - De vote secret ass ëmmer ee perséinleche Vote, well soss de secret net respektéiert ass.
Et ass also do net méiglech eng Procuratioun ze gin an och net per Videokonferenz un der Décisioun deelzehuelen.
Aus dem Grond (an aus aneren) get et jo d’Méiglechkeet fir d’Sëtzung an engem Sall ze organiséieren wou een déi aktuell Moosnahmen applizéiere kann, wann dat am übleche Sall op der Gemeng net sollt de Fall sin.
Wie muss informéiert gi wann e Member vum Personal positiv getest ginn ass ?
26.03.2020 – Am Prinzip gëllt de Secret médical.
Déi betraffe Persoun seet wéi bei all Krankmeldung op der gewinnter Plaz Bescheed (Chef de Service, RH, etc.) dat si positiv op de COVID-19 getest gouf. Des Informatioun gëtt un de Schäfferot weidergeleet, dee jo responsabel ass fir d’Sécherheet vum Personal.
Doriwwer eraus sollen déi Leit informéiert ginn, déi Kontakt mat der betraffener Persoun haten an déi selwer (mat hirem Entourage) e Risiko hätten, wa si et net gewuer géife ginn. Hei d’Mesuren, déi jee no Situatioun ze huele sinn.
All déi Leit, déi an der Verwaltung schaffen a kee Kontakt mat där Persoun haten, brauchen net iwwer dee konkrete Fall an d’Bild gesat ze ginn, sollten awer beschtméiglech iwwer déi allgemeng Preventiounsmesuren (vun der Gemeng a vun der Regierung) informéiert sinn.
Vill Gemenge stellen sech den Ament eng Fro déi den Artikel 4 vum RGD vum 18. März betrefft:
“Toute activité artisanale hors atelier est interdite (…)”
Ass « artisanale » hei am Sënn ze verstoen dat et sech op d’Handwierksbetriiber bezitt oder gëlt et och fir d’Gemengen? Am 2. Fall dierfte keng Aarbechten dobausse méi gemeet ginn (Entretien vun der voie publique, Méinen a Planzen, etc.) déi net un e Service essentiel laut Art. 5 gebonn sinn (Waasser, Ofwaasser, Offäll) an d’Gemenge misste grouss Deeler vun den Leit aus hiren technesche Servicer heemschécken.
19.03.2020 - Et ass kloër, dass dommadder handwierklech Aktivitéiten gemengt sin.
Wat den zweete Fall betrëfft, get reng juristësch gesin, keen Ënnerscheed gemach tëschent enger Gemeng an engem Betriib. Wann déi handwierklech Aarbechten am Kader vun engem „Service essentiel“ gemach gin sin se erlaabt. Dat sin dann a priori déi, déi mir am Guide fir de Plan de continuité ënner A gesat hun, an déi am Art. 5 vum RGD opgelëscht sin.
Wéi eng Léisunge ginn ugestrieft, wann op Gemengen de Receveur ausfält ?
18.03.2020 - De SYVICOL ass do am gaangen no Léisungen ze sichen. Mir hunn d‘Associatioun vun den Receveure kontaktéiert mat der Propose, eng Lëscht vun aktuellen oder pensionnéierte Receveuren opzestellen, déi bereet wiren, en Dépannage ze maachen. Mir sinn eis bewosst dat der do derbäi sinn, déi vum Alter hier net an Fro kommen, well si zu den „personnes vulnérables“ zielen. Dee Problem kann een awer vläicht léisen andeem och dës Leit vun doheem aus schaffen. Et ass generell wichteg, dat d’Gemenge sech esou opstellen, datt de Receveur ka vun doheem aus Zougrëff op de Server hunn. En anere Problem ass natierlech d’Remise de caisse, wéinst der perséinlecher Haftung vum „neie“ Gestionnaire. Vu dat d’Crise och schwéier economesch Konsequenze wäert hunn, ass et wichteg, dat d’Gemenge Créancen, déi eventuell nach opstinn, begläichen.
Wéi sollen d’Begriefnisser gehandhabt ginn?
18.03.2020 - Laut dem Inneministère ass et net néideg, d’Zuel vu Participanten iwwer Règlement d’urgence ze limitéieren, well den Arrêté ministériel vum 16. März (portant sur diverses mesures relatives à la lutte contre la propagation du virus covid-19) et net erlabt, sech wéinst engem Begriefnis ze déplacéieren.
Hei en Extrait aus dem Arrêté :
Art. 1er. La circulation sur la voie publique de toute personne physique est limitée aux seules activités suivantes :
- acquisition de denrées alimentaires, de produits pharmaceutiques et de produits de première nécessité,
- déplacement vers les structures de santé,
- déplacement vers le lieu de travail pour l’exercice de l’activité professionnelle ou commerciale, - assistance et soins aux personnes âgées, aux mineurs d’âge, aux personnes dépendantes, aux personnes handicapées et aux personnes particulièrement vulnérables,
- déplacement vers les institutions financières et d’assurance en cas d’urgence,
- en raison d’un cas de force majeure ou d’une situation de nécessité,
- les activités de loisirs (promenade, jogging, aires de jeux, …), sous condition de respecter une distance interpersonnelle de 2 mètres.
De SYVICOL recommandéiert de Gemengen, de betraffene Familjen un d’Häerz ze leeën, d’Begriefnis am engste Krees ofzehalen, oder d’Trauerzeremonie op ee spéideren Zäitpunkt ze verleeën.
Wéi kann een déi sougenannten Corona-Partyen ënnerbannen?
18.03.2020 - An där Hisiicht gëlt et geziilt a konsequent duerchzegräifen, esou wéi et de Max Hengel, Buergermeeschter vu Wormer gemaach huet: Kuckt einfach de folgende Link: https://www.syvicol.lu/dossiers-thematiques/informations-concernant-le-coronavirus-covid-19/partage-de-documents-et-temoignages
Wéi ass et mat der Infoversammlung am Kader vun enger PAG an/oder PAP-Prozedur oder enger Reunioun mat Bierger am Kader vu gesetzleche Prozeduren?
18.03.2020 - Den Intérieur ass am gaang do eng Reglung auszeschaffen, déi an den kommenden Deeg kommunizéiert gëtt.
Kann den Schäffen- an de Gemengerot iwwerhaapt nach zesummekommen?
16.03.2020 - Jo, well de Fonctionnement vun de Gemenge muss assuréiert bleiwen. Allerdéngs sollen d‘Sëcherheetsmesuren (2 m Ofstand) assuréiert sinn. Gutt wär et, wann déi responsabel Leit aus der Gemeng (Administratioun & Politik) esou mann wéi méiglech a Kontakt kommen.
Wou soll de Gemengerot stattfannen?
16.03.2020 - Idealerweis an engem méi grousse Raum, also net am übleche Sëtzungssall, et sief dann datt do genuch Platz ass. Den Artikel 22 vum Gemengegesetz erlaabt et dem Gemengerot eng aner Platz festzeleeën. D’Madamm Inneministesch huet an Aussicht gestallt, déi Decisioun esou séier et geet z’approuvéieren.
Wéi ass mat enger Prokuratioun bzw. mam Deelhuelen à distance (Skype, Videokonferenz…) ?
16.03.2020 - D’Gesetz gesäit béides net vir, mee de Ministère sicht no enger Léisung.
Wéi ass et matt der Reduktioun vun den Gemengeservicer?
16.03.2020 - D’Gemenge mussen fonctionéieren an déi essentiell Servicer ubidden. Dat steet och an der Circulaire vun der Madamm Inneministesch vum 15.Mäerz. U sech sollt dat iwwert de Plan de continuité assuréiert an organiséiert ginn. Als SYVICOL recommandéieren mir zäitversat Schaffen an e Splitting vun de Servicer. Ideal ass natierlech d’Telearbecht, well een esou och e Backup huet, wann eng Persoun ausfällt. Raimlech Trennunge maachen och Sënn, esou datt esou mann wéi méiglech Leit zesumme kommen. Idealerweis fonctionéieren d’Guicheten op RDV, esou et keen Flux vun Bierger gëtt. Wichteg ass et, d’Bierger eenzel an den Büro ze loosen.
Wéi ass et mat der Infoversammlung am Kader vun enger PAG-Prozedur oder enger Reunioun mat Bierger am Kader vu gesetzleche Prozeduren?
16.03.2020 - Wann et net méiglech ass, déi Reunioun am Delai ze maachen, kann een eventuell den Delai frësch ulafen loossen andeem een d’Ausgangsdecisioun nach eemol hëlt. D’Prozedur fänkt dann vun fir un. Doduerch gëtt ee Formfeeler evitéiert. Als SYVICOL recommandéiere mir do allerdéngs onbedëngt Récksprooch mam Interieur ze huelen.
Wéi ass et mat de Begriefnisser?
16.03.2020 - D’Gemeng huet d’Méiglechkeet d’Unzuel vun de Leit anzeschränken duerch een Reglement d’Urgence oder duerch eng Ännerung vum Kierfechtsreglement. Et gëllen déi normal Sëcherheetsmesuren vun 2 m Ofstand.
Wéi sollen Hochzäiten op der Gemeng gehandhabt ginn?
16.03.2020 - Och hei gëllt et d‘Sëcherheetsmesure (2m Ofstand) z’assuréieren. Eng Rei Gemengen hunn d’Zuel vun de Leit op d’Brautpuer, de Buergermeeschter an den zoustännege Beamten limitéiert.
Wéi soll dat mat den Liwwerservicen an dem Akafen vun Iesswueren organiséiert ginn?
16.03.2020 - Et gett keng national Offer vun der Regierung ugebueden. D‘Gemenge sinn deemno fräi, dat ze maachen. Et ass op alle Fall gutt, sech doriwer Gedanken ze maachen. Mir kommen demnächst do mat engem Musterbeispill op d’Gemengen zeréck.
Sollen d‘Wochenmärt stattfannen?
16.03.2020 - D’Santé recommandéiert net, fir déi zou ze maachen, well et jo dobaussen ass. Natierlech sinn déi üblech d‘Sëcherheetsmesuren (2m Ofstand) anzehalen.
Mir hunn an eisem Betrib 2 vulnerabel Mataarbechter. ("Les personnes de plus de 65 ans ou celles qui souffrent déjà d'une des maladies listées ci-après présentent un risque accru de développer des complications sévères. Les maladies concernées sont le diabète, les maladies cardio-vasculaires, les maladies chroniques des voies respiratoires, le cancer et une faiblesse immunitaire due à une maladie ou à une thérapie.")
Wéi gi mi mir hei vir ? Wat soe mir dësen 2 Persounen ? Bleiwen si doheem ?
14.03.2020 - Eng vulnerabel gesond Persoun kann u sech schaffen, mee am beschte vun doheem aus am Télétravail. Soss gëllt d’Reegel: esou wéineg wéi méiglech Kontakt mat aneren, 2 Meter ewechhalen, keng Reuniounen, etc. Kuckt och ob déi Persoun mam ëffentlechen Transport muss schaffe kommen, wat en Zousatzrisiko ass.
D’Persoun selwer muss och gutt oppasse bei allem wat si upéckt, sech dacks d’Hänn wäschen an all di aner „gestes barrières“ permanent respektéieren (wéi mir alleguer).
Donieft ass et un de net vulnerable Mataarbechter fir besonnesch Récksiicht op si ze huelen. Och de Patron muss sécherstellen, dass di aner Leit aus der Equipe Efforte maache fir di vulnerabel Mataarbechter net onnéidege Risiken auszesetzen.
Deemno wéi vulnerabel d‘Persoun ass, misst si och mat hierem Dokter Récksprooch halen (am beschten iwwer Telefon, net an e Wartesall sëtze goen !).
Mir als Gemeng hätten e puer Leit déi bereet wiere fir Kanner doheem ze versuergen, esou dass d’Elteren (wa se da musse schaffen) eng Méiglechkeet hätten fir dass een no hinnen kuckt, déi Zäit wou d'Schoul an d'Maison relais zou sinn. Mir stellen eis awer d’Fro vun der Sécherheet an och der Responsabilitéit. Kann dëse Service einfach esou ugebueden ginn?
14.03.2020 - Esou e Service ka just op privater Basis ugebuede ginn a leeft deemno ënner der privater Verantwortung vun de concernéierte Leit. Et gëtt keng rechtlech Basis dofir, wann Elteren hier Kanner anere Leit ze versuerge ginn. D'Regierung appeléiert un d'Solidaritéit ënner de Leit a réit net prinzipiell vun esou Arrangementer of.
Mir goufe vun engem Member vun eisem Personal informéiert datt hien eng Ordonnance huet fir sech op de Covid-19 testen ze loossen. Muer de Mëtteg soll hien d’Resultat kréien.
Wien solle mir informéieren? Just d’Santé oder och all Leit déi eventuell matt der Persoun an direktem Kontakt war ?
13.03.2020 - D‘Gemeng informéiert am Prinzip keen (opgepasst op d’Confidentialitéit vun den Donnéeën). De Laboratoire, op privat oder LNS, schéckt d'Resultat un d’Inspection sanitaire, dat ass eng Divisioun vun der Direction de la santé. D‘Inspection sanitaire ënnerhelt dann déi néideg Schrëtt (contact tracing oder aner néideg Aktiounen). De Patient kritt och säi Resultat vum Labo.
Soll eist ganzt administrativt Personal dee Moment lo getest ginn ?
13.03.2020 - Nee. Preventiv Tester, wa keng Symptomer virleien, sinn net néideg a keng gutt Iddi, well den Test dacks negativ ass. Dëst kann ee falscht negativ Resultat si wat dann eng falsch Sécherheet vermëttelt. Kuckt och di aktuell Guidelines ob dem Site www.gouvernement.lu. Säit haut si mir an enger neier Phase, wou just nach Leit getest ginn déi Symptomer hunn an deenen et net gutt geet, fir da sécher ze goen un wat si leide fir hinnen dann déi Richteg Therapie unzebidden. Net all Fall ass ee Coronavirus Patient.
Mir haten an de läschten Deeg zwou Reunioune mam Gemengerot wou déi Persoun och derbäi war.
13.03.2020 - An dësem Fall ass d’Inspection sanitaire jo au courant an di Persoun huet d’Nimm vun de Leit déi a Kontakt waren opgeholl an den „tracing“ gemaach. An deem Fall gëllt et fir d‘ Recommandatioune vun der Inspection sanitaire ze befollegen. De Suivi, ouni dëse Fall ze kennen, ass jo dass déi Leit a Quarantaine sech monitoren, Féiwer moossen, an sech da manifestéiere wa si Symptomer hunn. Bei Froen, kuckt iech w.e.g. eis nei Dokumentatioun un.
Solle mir eis Administratioun ënner dëse Conditiounen oploossen ?
13.03.2020 - Consigne vun der Regierung an och dem Premier Minister ass jo fir dat ëffentlecht Liewe weider um Lafen ze halen. An deem Sënn sollt dir probéiere fir d’Administratioun op ze loossen. En sachant, dass dir bestëmmt just ee Service réduit kennt ubidden, wie souvill aner Administratiounen. Oder eben, wéi dir sot, just nach op ze maache wann et néideg ass.