ACTUALITÉS

Suivez l'actualité avec nous !

Portrait-Serie – Simone Asselborn-Bintz, déi nei Comitésmember vum SYVICOL : « De Mënsch muss ëmmer am Mëttelpunkt stoe fir déi sozial Kohäsioun weider kënnen ze garantéieren. »

Am Fong wollt si ni politesch aktiv ginn. Haut bléckt si awer op bal 20 Joer Politik zeréck: Rieds ass vum Simone Asselborn-Bintz, der Buergermeeschtesch aus der Gemeng Suessem, déi zënter e puer Méint elo och Member vum Comité vum SYVICOL ass. Do vertrëtt si niewent den Interête vun hirer Gemeng och déi vun Esch, der zweetgréisster aus dem Land. „Zwou Saache wollt ech ni maachen: an d‘Politik goen a bei RTL schaffen. Et soll een awer ni ni soen“, seet d’Simone Asselborn-Bintz haut mat engem Laachen. Am Fong huet hir politesch Sozialisatioun awer fréi ugefaangen. Hir Mamm, d’Micky Bintz-Erpelding, déi bekannten Animatrice vun RTL Radio Lëtzebuerg, war och 20 Joer laang an der Kommunalpolitik zu Esch fir d’LSAP aktiv. Derbäi kënnt, datt de Bopa an Urbopa vum Simone Asselborn-Bintz bei de Sozialisten engagéiert waren. An awer huet et e bëssi gedauert bis si 2002 der LSAP-Sektioun zu Suessem bäigetrueden ass. Am Joer 2005 ass déi gebierteg Escherin déi geléierten Educatrice diplômée ass fir d’éischt mat an d‘Gemengewale gaangen an direkt an de Gemengerot eragewielt ginn. Et war de Georges Engel, deen si gefrot hat. 6 Joer méi spéit ass déi haut 59-järeg Mamm vun zwee erwuessene Kanner éischte Schäffe gi vir da 6 Joer méi spéit nees erëm gewielt ze ginn. Vun Abrëll bis Oktober 2018 sëtzt d’Simone Asselborn-Bintz och eng éischte Kéier an der Chamber. Nom Wiessel vum Alex Bodry Ufank 2020 an de Staatsrot, réckelt d’Simone Asselborn-Bintz eng zweete Kéier an d’Chamber no. Den 13. Juli 2020, matzen an der Pandemie also, gëtt si Buergermeeschtesch vun der Gemeng Suessem an dat nodeem hire Mentor Georges Engel Fraktiounspresident an duerno Minister ginn ass. „Et war deemools net einfach Fouss ze faassen. Als Schäffe weess een zwar ongeféier wéi den Hues leeft. An awer. Et war vill wat op mech duer koum an d’Covid-Kris huet alles méi komplizéiert gemaach.“ Et wär déi Zäit op der Gemeng an éischter Linn dorëms gaangen, de Kapp iwwer Waasser ze halen. Dat hätt gutt geklappt, well d’Personal si immens ënnerstëtzt hätt, esou d’Simone Asselborn-Bintz weider. Zënterhier wär awer villes aneschters ginn, seet si, réckbléckend. Vill Kappzerbrieches bereeden hir haut virun allem d‘Finanzen. „ Déi Zäite vu sougenannten Nice to have sinn definitiv eriwwer. Et gëllt sech elo der Decken no ze strecken“, seet d’Simone Asselborn-Bintz an erkläert datt de Kulturzentrum Artikuss zu Suessem haut wuel net méi esou géing gestëmmt ginn. Suessem misst méi wéi jee mat deene Moyennen ëmgoen, déi zur Verfügung stinn. Et kéint awer net sinn, datt op eemol alles um Réck vun de klenge Leit ausgedroe géing ginn. Taxen erhéije wär deemno ëmmer méi ee sensibel Thema ginn. Frou ass si doriwwer, datt hir Gemeng an der Vergaangenheet richteg investéiert hätt. Speziell och an een CIPA, deen der Gemeng gehéiert an och vun der Gemeng geréiert gëtt. „Ech wäert op alle Fall duerfir suergen, dass de regionalen Austausch mat Esch klappt.“ Wann si esou Aussoe mécht, erkennt een onschwéier, datt déi sozial Oder bei der Gemengemamm vu Suessem mat senge ronn 18.300 Awunner staark ausgepräägt ass. D’Bierger an d’Biergerinnen, leien hir um Häerz. Et misst ee versichen se anzebannen. D’Biergerparticipatioun gëtt op alle Fall grouss geschriwwen an der Gemeng Suessem, déi sech an där Hisiicht un Diddeleng inspiréiert hunn, wou d’Biergerinnen an d’Bierger selwer kënnen ee Projet erareechen, deen da vun der Gemeng finanzéiert an ëmgesat gëtt. Hiert Engagement am SYVICOL ass dorops zeréck ze féieren, datt si dat mam Georges Mischo, dem fréiere Buergermeeschter vun Esch, am Virfeld vun de Walen esou ausgemaacht hat. Suessem hat zënter der Strukturreform beim SYVICOL am Joer 2006 mam Aféiere vun de Circonscriptiounen nämlech nach ni e Vertrieder beim Gemengesyndikat. „A mam Christian Weis, dem neie Buergermeeschter vun Esch, deenen hir Interêten ech als Delegéierte vun der Gemeng Suessem mat vertrieden, hunn ech ausgemaach, datt mir ons reegelméisseg gesinn. Ech wäert op alle Fall duerfir suergen, dass de regionalen Austausch mat Esch klappt“. Dat wat dann do op den Dësch kéim, géing si mat an de SYVICOL bréngen, esou d’Simone-Asselborn-Bintz. „Als Vertrieder vun zwou esou grousse Gemenge wéi Suessem an Esch ass et mir wichteg, mäin Input kënnen an d’Aarbecht vum SYVICOL ze ginn, déi jo an éischter Linn doranner besteet, Avis’en ze schreiwen zu Gesetzesprojeten, Gesetzespropositiounen a groussherzogleche Reglementer déi de Gemengesecteur betreffen.“ Fir si ass och kloer, dass d’Gemengefinanzen op de Leescht geholl musse gi well déi wirtschaftlech Viraussetzunge lo mat de Polykrisen anerer sinn. Weider Theme fir déi si sech am SYVICOL wëll staark maache sinn dat Soziaalt an d‘Wuelbefanne vun de Leit. Sief et a Relatioun zur hirer Aarbecht oder am Privatliewen an der Gemeng. „De Mënsch muss ëmmer am Mëttelpunkt stoen an dat fir déi sozial Kohäsioun hei am Land weider kënnen ze garantéieren“, esou d’Simone Asselborn-Bintz, déi schonns méi laang och Membre suppléant am SYVICOL senger Delegatioun vum Conseil des Communes et Régions d’Europe (CCRE) an der Organisation mondiale de Cités et Gouvernements Locaux Unis (CGLU) ass. Wat hire Charakter betrëfft, esou bezeechent si sech selwer als gruedlinneg an als eng Persoun, déi ni opgëtt an déi mat hirer Meenung net laang hannert dem Bierg hält. Si hätt awer geléiert als Politikerin ëmmer déi zwou Säiten ze kucken an net direkt op eppes ze reagéieren, well dacks wär een Deel vun der Wourecht op all Säit. A wat mécht si an hirer Fräizäit? Vill reesen zesumme mat hirem Mann. Theater a Musek stinn och um Programm wat net verwonnert, war hire Papp dach dee populäre lëtzebuergesche Schauspiller a Sänger Aly Bintz. Sportbegeeschtert ass si och an hofft an Zukunft méi dacks kënne schwammen ze goen. Umierkung: An enger Serie vu Portraite stellt de SYVICOL an den nächste Wochen a Méint all d’Membere vu sengem Comité fir an dat an alphabetescher Reiefolleg. Foto : © SYVICOL


Publié le 23.04.2024

ANNUAIRE DES COMMUNES

L'annuaire complet des communes de Luxembourg

L'annuaire des communes vous permet de trouver facilement des informations sur toutes les communes, y compris leurs responsables politiques et les coordonnées de leurs principaux services.


ANNUAIRE DES SYNDICATS

Un répertoire exhaustif des syndicats de communes

L'annuaire des syndicats donne une vue d'ensemble sur tous les syndicats de communes, quel que soit leur domaine d'activités, avec leurs décideurs politiques et les données de contact des agents principaux. 


App SYVICOL pour Android & IOS

Téléchargez notre application mobile conviviale et ayez toute l'information sur le SYVICOL dans votre poche !

Rejoignez-nous sur Facebook et Linkedin

Nos réseaux sociaux sont le meilleur endroit pour rester à jour avec nos dernières tendances et nouveautés.

Suivez nous

Abonnez-vous à notre newsletter !

Restez informé(e) sur nos activités grâce à des bulletins d'information réguliers.